Meleagris ocellata
Meleagris ocellata ("Getëppelt Schnuddelhong") ass eng Schnuddelhong-Aart - déi eenzeg nieft dem eigentleche Schnuddelhong - bannent der Famill vun de Phasianidae ("Fasanevullen"). Si ass am Norde vu Mëttelamerika, op der Hallefinsel Yucatán verbreet.
Meleagris ocellata Getëppellt Schuddelhong | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Meleagris ocellata | |||||||||||||
Systematik | |||||||||||||
| |||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||
Meleagris ocellata Cuvier, 1820 |
Charakterisiticken
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/2d/Ocellated_turkey_%28Meleagris_ocellata%29_male_head_Peten.jpg/170px-Ocellated_turkey_%28Meleagris_ocellata%29_male_head_Peten.jpg)
Meleagris-ocellata-Hunne kënnen 71–92 cm héich an 90–100 cm laang ginn, an 3,25–4 kg weien. D'Pëlle gi just 1,9–2 kg schwéier a 65–69 cm héich. Den Hunnen hir Fiederen hu blénkeg rout, gréng, blo a mof Faarwen. Den Hals an de Kapp si plakeg an hunn eng hellblo Faarf. Ronderëm d'Aen an iwwer dem Schniewel ass d'Haut rout gefierft. Weider hu si giel waarzenaarteg Knippercher um Hals a Kapp verdeelt. Wärend der Reproduktiounszäit ginn déi Faarwen nach méi intensiv.
Verbreedung
Si komme just op der Hallefinsel Yucatán vir, an den Territoirë vu Mexiko, Guatemala a Belize. Hire Liewensraum ass den tropesche Reebësch, si sichen hiert Friessen op Plazen, déi net mat Beem zougewuess sinn.
Et gëtt geschat, datt et manner wéi 50.000 erwuessen Exemplare gëtt. Juegd op si an d'Zerstéierung vum Liewensraum si Grënn, firwat hir Populatioun ewell als quasi-bedreet gëllt.
Literatur
- Josep del Hoyo et al.: Handbook of the Birds of the World. Band 2: New World Vultures to Guinea Fowl. Lynx Edicions, 1994, ISBN 84-87334-15-6.
Um Spaweck
Commons: Meleagris ocellata) – Biller, Videoen oder Audiodateien |