Max Planck

däitsche Physiker
Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Max Karl Ernst Ludwig Planck, gebuer den 23. Abrëll 1858 zu Kiela gestuerwen de 4. Oktober 1947 zu Göttingen, war en däitsche Physiker.

Max Planck
GebuertsnummMax Karl Ernst Ludwig Planck
Gebuer23. Abrëll 1858
Kiel
Gestuerwen4. Oktober 1947
Göttingen
DoudesursaachHäerzschlag
NationalitéitDäitscht Keeserräich, Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945
EducatiounUniversitéit vu München,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéittheoreetesche Physiker, Universitéitsprofesser, Physiker, Philosoph
ParteiDeutsche Volkspartei
Member vunAkademischer Gesangverein München, Deutsche Physikalische Gesellschaft, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Kaiser-Wilhelm-Gesellschaft, Notgemeinschaft der Deutschen Wissenschaft, Accademia Nazionale dei Lincei, Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Sondershäuser Verband, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, American Philosophical Society, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino
Famill
Bestuet matMarie Merck
PappWilhelm von Planck
GeschwësterHugo Planck
KannerErwin Planck

Vun 1885 bis 1889 war hie Physikprofesser zu Kiel, duerno zu Berlin, wou hie vun 1912 bis 1938 Sekretär vun der preisescher Akademie vun de Wëssenschafte war. Vun 1930 bis 1937 war hie President vun der Kaiser-Wilhelm-Gesellschaft zur Förderung der Wissenschaften déi méi spéit a Max-Planck-Gesellschaft ëmbenannt gouf an déi de Max Planck och 1945/46 zu Göttingen presidéiert huet.

Hien huet d'Stralungsgesetz formuléiert an d'Virstelle vun Energie- a Wierkungsquanten agefouert. Doraus ass d'Quantentheorie entstanen, déi am 20. Joerhonnert d'Physik revolutionéiert huet.

Am Joer 1918 huet hien den Nobelpräis an der Physik kritt.

Auszeechnungen an Éierungen

Gedenkplack fir de Max Planck zu Berlin-Grunewald
  • 1914 Auslännesche Member vun der Accademia Nazionale dei Lincei zu Roum
  • 1915 Pour le Mérite fir Wëssenschaften a Konscht (vun 1930 war de Planck President vun dësem Uerden)
  • 1918 Nobelpräis fir Physik (1919 geéiert)
  • 1928 Adlerschëld vum Däitsche Räich
  • 1929 Max-Planck-Medail (zesumme mam Albert Einstein; dëse Präis gouf 1929 vun der DPG gestëft)
  • Éierendokter vun den Universitéite Frankfurt, München (TH), Rostock, Berlin (TH), Graz, Athen, Cambridge, London a Glasgow
  • 1938 Zu sengen Éiere gouf den Asteroid Nr. 1069 no him genannt: Planckia.
  • 1947 gouf hien Éierebierger vun der Stad Kiel.
  • 1953 gouf hie vun der Däitscher Post Berlin an der Serie Männer aus der Geschicht vu Berlin geéiert, een Timber vun 30 Pfenneg Timber.
  • 1957 bis 1971 hunn déi offiziell 2-DM-Mënze vun Däitschland d'Profil vum Max Planck gewisen.
  • 1983 huet d'DDR eng 5-Mark-Gedenkmënz zum 125. Gebuertsdag erausginn.
  • Zum 150. Gebuertsdag huet Däitschland den 10. Abrëll 2008 ee Sondertimber souwéi eng 10-Euro-Gedenkmënz erausginn.

Vill Schoulen an Universitéiten, sinn nom Max Planck genannt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Max Planck – Biller, Videoen oder Audiodateien