Louis Bassing

lëtzebuergesche Resistenzler

De Louis Bassing, gebuer den 12. Februar 1907 zu Veianen a gestuerwen de 25. Februar 1944 am SS-Sonderlager Hinzert, war e lëtzebuergesche Resistenzler a Gemengesekretär.[1]

Louis Bassing
Gebuer12. Februar 1907
Veianen
Gestuerwen25. Februar 1944
SS-Sonderlager Hinzert
AktivitéitResistenzler, Fonctionnaire
Member vunLetzeburger Vollekslegio'n

De Louis Bassing war vum Mee 1941 u Member vun der LVL.[1]

Hie gouf de 14. Dezember 1943 verhaft an an d'KZ Hinzert bruecht wou hien de 25. Februar 1944 erschoss gouf.[1]

Hie gouf posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 ausgezeechent.[2]

Referenzen