Leschte Steiwer

lëtzebuergesch Strooss

Um leschte Steiwer, op Franséisch Dernier sol, ass eng Strooss zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft e klengt Stéck parallell mat der Diddenuewener Strooss, mécht dann e Bou a Richtung Norde bis bei d'Rue des Ardennes an dréit dann a Richtung Süd-Westen zeréck op d'Diddenuewener Strooss.

Dernier Sol
Nummlb: (Um) Leschte Steiwer
Fréieren Nummde: Am letzten Stüber
Längtca. 690 m
LandLëtzebuerg
GemengLëtzebuerg
UertschaftLëtzebuerg
QuartierBouneweg-Süd
Postcode2543
Koordinaten49° 35’ 47.22’’ N
      06° 08’ 07.8’’ O

Den Numm vun der Strooss kënnt dohier, datt am 19. Joerhonnert op där Plaz d'Wiertschaft mam Numm "Um leschte Steiwer" (Fr.: Au repos au dernier sol) stoung, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Sou fir e Patt ausginn hunn.[1] Steiwer war eng lëtzebuergesch Bezeechnung fir eng Mënz, déi op Däitsch Stüber, op Hollännesch Stuiver an op Franséisch sou oder sol geheescht huet.[2] Dat zweesproochegt Stroosseschëld huet bis 1940 uginn: „Dernier Sol - Letzten Stüber" (Amtliches Verzeichnis der Strassen der Stadt Luxemburg mitgeteilt vom Strassenbauwesen 194?).

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Am letzten Stüber” geheescht[3].

Tram

Zanter dem 11. September 2022 fiert d'Linn 1 vum Stater Tram vun der Gare op Bouneweg. Ee vun den Arrêten ass Leschte Steiwer / Dernier Sol.

Biller

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur

  • Margue, Paul, 1999. Hei hues de en Daler. ons stad 62: 8. PDF
  • Weber, Batty, 1926. Abreißkalender vum 12. Oktober 1926. In: "Eng Kurbel Gölleronner". ons stad 62 (1999): 17. PDF

Referenzen an Notten