Leo Minor (Stärebild)

De Leo Minor (Klenge Léiw) ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Date vum Stärebild Leo Minor
Lëtzebuergeschen NummKlenge Léiw
Laténgeschen NummLeo Minor
Laténgesche GeenitivLeonis Minoris
Laténgesch OfkierzungLMi
Rektaszensioun9h 22m bis 11h 07m
Deklinatioun+41° 30´ bis +22° 50m
Fläch232 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden90° Nord bis 48° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Fréijoer
Zuel vun de Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
46 Leonis Minoris
(Praecipua)
3,83m
MeteorstréimLeo-Minoriden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Ursa Major
Lynx
Leo
Kaart vum Stärebild Leo Minor

Beschreiwung

De Leo Minor ass en onschäinbaart Stärebild um nërdleche Stärenhimmel. Et setzt sech (jee no Stärekaart) aus zwéin oder dräi Stären zesummen. Nëmmen een ass méi hell wéi déi 4. Gréissteklass.

Et fënnt een d'Stärebild nërdlech vum markante „grousse“ Leo (Léiw).

Geschicht

D'Stärebild gouf eréischt am Joer 1687 vum Danzeger Astronom Johannes Hevelius agefouert. Nëmmen deen zweethellste Stär, β Leonis Minoris, gouf mat engem griichesche Buschtaf gezeechent.

Himmelsobjeten

Stären

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
46Praecipua, Praecipula3,83m98K0 III
β314,20m200G9 III
214,49m
104,54m
374,68m
304,72m
155,08m
415,08m
135,11m
425,36m
85,39m
115,40m
235,49m
405,51m
285,52m
345,57m
435,73m
325,79m
385,84m
75,87m
275,89m
155,92m

Den hellste Stär am Klenge Léiw huet d'Flamsteed-Bezeechnung 46 Leonis Minoris. E steet op enger Distanz vun 98 Liichtjoer, e liicht orange a gehéiert zu der Spektralklass K0 III.
Hie gëtt och Praecipua, laténgesch „Virstéier“, genannt.

De β Leonis Minoris läit op enger Distanz vun 200 Liichtjoer, a liicht giel mat der Spektralklass G9 III.

Verännerlech Stären

StärGréisstPeriodTyp
R6,3 bis 13,2m372 DeegMira-Typ

Den R Leonis Minoris ass e verännerleche Stär vum Typ Mira, deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vun 372 Deeg staark ännert. Wärend dem Minimum fält d'Hellegkeet bis op déi 13. Gréissteklass erof.

Messier- an NGC-Objeten

Messier (M)NGCanerGréisstTypNumm
300311,7mGalaxie
33449,9mGalaxie

Am "Klenge Léiw" sinn d'Galaxien NGC 3003 an NGC 3344.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Leo Minor – Biller, Videoen oder Audiodateien