Lauren Bacall

US-amerikanesch Schauspillerin

D'Lauren Bacall, gebuer als Betty Joan Perske de 16. September 1924 zu New York City an och do gestuerwen den 12. August 2014 war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Lauren Bacall
GebuertsnummBetty Joan Perske
Gebuer16. September 1924
Bronx
Gestuerwen12. August 2014
Manhattan
DoudesursaachHiereschlag
NationalitéitUSA
EducatiounAmerican Academy of Dramatic Arts
AktivitéitFilmschauspiller, Schrëftsteller, Mannequin, Pressespriecher, Theaterschauspiller, Synchronspriecher, Televisiounsschauspiller, Sänger, Schauspiller
ParteiDemocratic Party
Famill
Bestuet matHumphrey Bogart, Jason Robards
KannerSam Robards
D'Lauren Bacall (1944)

Direkt grouss eraus am Kino koum d'Lauren Bacall mat der Haaptroll an hirem éischte Film vum Howard Hawks To Have and Have Not am Joer 1944. Den Hawks huet hir eng zweet grouss Roll am Film The Big Sleep (1946) ginn. Enner der Regie vum John Huston huet si am Joer 1948 a Key Largo hiren drëtte Film mam Schauspiller Humphrey Bogart gedréint.

Weider wichteg Filmer an hirer Karriär waren How to Marry a Millionaire (1953) vum Jean Negulesco mam Betty Grable a Marilyn Monroe, dann 1956 de Melodrame Written on the Wind vum Douglas Sirk mam Rock Hudson a Robert Stack, de Western The Shootist (1976) vum Don Siegel mam John Wayne an James Stewart an dann nach 2003 deen an enger minimalistescher Theaterdekoratioun gedréinte Film Dogville, vum Lars von Trier mam Nicole Kidman an Harriet Andersson.

Vun 1945 bis zu deem sengem Doud de 14 Januar 1957 war si mam Schauspiller Humphrey Bogart bestuet. Duerno vun 1969 bis zu hirer Scheedung am September 1969 war si mam Schauspiller Jason Robards bestuet.

Filmographie

Kino

vun 1944 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1999

vun 2000 bis 2012

  • 2003: Dogville , vum Lars von Trier mam Nicole Kidman an Harriet Andersson
  • 2004: The Limit, vum Lewin Webb mam Claire Forlani a Pete Postlethwaite
  • 2004: Birth, vum Jonathan Glazer mam Nicole Kidman an Danny Huston
  • 2005: Manderlay , vum Lars von Trier mam Danny Glover a Willem Dafoe
  • 2006: These Foolish Things, vum Julia Taylor-Stanley mam Craig Rooke
  • 2007: The Walker, vum Paul Schrader mam Woody Harrelson a Kristin Scott Thomas
  • 2008: Eve , vum Natalie Portman mam Ben Gazzara (Kuerzfilm)
  • 2010: Wide Blue Yonder, vum Robert Young mam Brian Cox an James Fox
  • 2012: Ernest et Célestine, vum Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner (nëmme Stemm, englesch Versioun)
  • 2012: The Forger, vum Lawrence Roeck mam Josh Hutcherson an Alfred Molina

Um Spaweck

Commons: Lauren Bacall – Biller, Videoen oder Audiodateien