Lëscht vun de Maria um Äerdmound

Wikimedia-Lëschtenartikel

D'Maria (betounen op der éischter Silb; Latäin fir „Mierer“, Singular: d'Mare) sinn donkel Déifflächen um Äerdmound (bal nëmmen op der viischter Moundsäit), déi 16 Prozent vun der Mounduewerfläch bedecken. Si kruten hiren Numm, well se fréier fir Mierer gehale goufen. Si bestinn aus 3,1 bis 3,8 Milliarde Joer alem donkele Basalt, hunn nëmme wéineg Krateren a si vun enger 2 bis 8 Meter décker Regolithschicht bedeckt, déi räich un Eisen a Magnesium ass. Se si méiglecherweis duerch grouss Aschléi an der Fréiphas vum Mound entstanen. Well an dësem Entwécklungsstadium de Mantel nach flësseg war, si s'uschléissend mat Lava (Lunabas) aus dem Moundkär vollgelaf.D'Maria hunn, mat Ausnam vun de Krateren, nëmme wéineg Héichtenënnerscheeder vu maximal 100 Meter.

Äerdzougedréit Säit vum Mound mat de gréisste Maria a Krateren.

Bei den als „Séien“, „Suppen“ a „Buchten“ bezeechente Strukturen handelt et sech och ëm basaltesch Déiffläche mat zu de Maria vergläichbarer Genesisgeschicht.

Interaktiv Kaart

Mare ImbriumMare TranquillitatisMare SerenitatisMare CrisiumMare FecunditatisMare NectarisMare FrigorisMare FrigorisMare FrigorisOceanus ProcellarumOceanus ProcellarumMare HumorumMare NubiumMare CognitumMare VaporumSinus AestuumKopernikusKeplerTychoKaukasusApeninnenAlpenPlatoÄerdmound
Weltall

Op dëser Foto vum Mound sinn déi gréisst Strukture mat den entspriechende Wikipediaartikele verlinkt. D'Nimm erschéngen nieft dem Cursor.D'Moundachs steet op dësem Bild ongeféier 45 Grad schréi no lénks. Et gesäit een en also sou, wéi een en a mëttleren nërdleche Breeten no sengem Opgank am Oste kucke kann.

Ausser de Maria sinn och e puer Krateren a Gebiergszich agezeechent.

Mierer

D'Mierer vum Äerdmound
Laténgeschen NummLëtzebuergeschen NummLagMëttleren
Duerchmiesser (km)
Mare AnguisSchlaange-Mier22° 36' N67° 42' O150
Mare AustraleSüdlecht Mier38° 54' S93° 00' O603
Mare CognitumBekannt Mier10° 00' S23° 06' W376
Mare CrisiumGefore-Mier17° 00' N59° 06' O418
Mare FecunditatisFruchtbarkeet-Mier7° 48' S51° 18' O909
Mare FrigorisMier vun der Keelt56° 00' N1° 24' O1596
Mare HumboldtianumHumboldt-Mier56° 48' N81° 30' O273
Mare HumorumFiichtegkeets-Mier24° 24' S38° 36' W389
Mare ImbriumReemier32° 48' N15° 36' W1123
Mare IngeniiMier vun der Begabung33° 42' S163° 30' O318
Mare InsularumInsel-Mier7° 30' N30° 54' W513
Mare MarginisRandmier13° 18' N86° 06' O420
Mare Moscoviense

oder och Mare Moskwa

Moskau-Mier27° 18' N147° 54' O277
Mare NectarisNektarmier15° 12' S35° 30' O333
Mare NubiumWollekemier21° 18' S16° 36' W715
Mare OrientaleËstlecht Mier19° 24' S92° 48' W327
Mare SerenitatisFrousënn-Mier28° 00' N17° 30' O707
Mare SmythiiSmyth-Mier1° 18' N87° 30' O373
Mare SpumansSchéimend Mier1° 06' N65° 06' O139
Mare TranquillitatisMier vun der Rou8° 30' N31° 24' O873
Mare UndarumWellemier6° 48' N68° 24' O243
Mare VaporumDonscht-Mier13° 18' N3° 36' O245
Oceanus ProcellarumStiirm-Ozean18° 24' N57° 24' W2568

Séien

Vergläichbar mat de Maria sinn d'Lacus (lëtzb. „Séien“), bei deenen et sech ëm kleng, ongläich Basaltfläche mat änlechem Urspronk handelt.

D'Séie vum Äerdmound
Laténgeschen NummDäitschen NummLagMëttleren
Duerchmiesser (km)
Lacus AestatisSummer-Séi15° 00' S69° 00' W90
Lacus AutumniHierscht-Séi9° 54' S83° 54' W183
Lacus BonitatisGüte-Séi23° 12' N43° 42' O92
Lacus DolorisQual-Séi17° 06' N9° 00' O110
Lacus ExcellentiaeExzellent-Séi35° 24' S44° 00' W184
Lacus FelicitatisGlécks-Séi19° 00' N5° 00' O90
Lacus GaudiiSéi vun der Freed16° 12' N12° 36' O113
Lacus HiemalisWanter-Séi15° 00' N14° 00' O50
Lacus LenitatisSéi vun der Zäertlechkeet14° 00' N12° 00' O80
Lacus LuxuriaeSéi vum Iwwerfloss19° 00' N176° 00' O50
Lacus MortisDoud-Séi45° 00' N27° 12' O151
Lacus OblivionisSéi vum Vergiessen21° 00' S168° 00' W50
Lacus OdiiHaass-Séi19° 00' N7° 00' O70
Lacus PerseverantiaeSéi vun der Ausdauer8° 00' N62° 00' O70
Lacus SolitudinisSéi vun der Isolatioun27° 48' S104° 18' O139
Lacus SomniorumSéi vun den Dreem38° 00' N29° 12' O384
Lacus SpeiSéi vun der Hoffnung43° 00' N65° 00' O80
Lacus TemporisSéi vun der Zäit45° 54' N58° 24' O117
Lacus TimorisSéi vun der Fuercht38° 48' S27° 18' W117
Lacus VerisFréijoers-Séi16° 30' S86° 06' W396

Moueren

Weider onreegelméisseg Basalt-Strukture ginn als Palus (lb: „Mouer“) bezeechent.

D'Mouere vum Äerdmound
Laténgeschen NummLëtzebuerger NummLagMëttleren
Duerchmiesser (km)
Palus EpidemiarumSeuche-Mouer32° 00' S28° 12' W286
Palus PutredinisFault Mouer26° 30' N0° 24' O161
Palus SomniSchlof-Mouer14° 06' N45° 00' O143

Buchten

Hallefkreesfërmeg Ausbuchtunge vun de Maria ginn als Sinus (lb: „Bucht“) bezeechent.

D'Buchte vum Äerdmound
Laténgeschen NummLëtzebuerger NummLagMëttleren
Duerchmiesser (km)
Sinus AestuumHëtzt-Bucht10° 54' N8° 48' W290
Sinus AmorisBucht vun der Léift18° 06' N39° 06' O130
Sinus AsperitatisRonzelech Bucht3° 48' S27° 24' O206
Sinus ConcordiaeBucht vun der Harmonie10° 48' N43° 12' O142
Sinus FideiBucht vum Glaaf18° 00' N2° 00' O70
Sinus HonorisBucht vun der Éier11° 42' N18° 06' O109
Sinus IridumReeboubucht44° 06' N31° 30' W236
Sinus LunicusLuna-Bucht31° 48' N1° 24' W126
Sinus MediiBucht vun der Mëtt2° 24' N1° 42' O335
Sinus RorisBucht vum Dau54° 00' N56° 36' W202
Sinus SuccessusBucht vum Erfolleg0° 54' N59° 00' O132

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Moundmierer – Biller, Videoen oder Audiodateien