Lëscht vun de Bundesstaate vu Brasilien

Wikimedia-Lëschtenartikel

Brasilien besteet aus 26 Bundesstaaten an engem Bundesdistrikt (Distrito Federal).

D'Regioune vu Brasilien:
(1) Centro-Oeste (2) Nordeste (3) Norte (4) Sudeste (5) Sul

D'Bundesstaate sinn administrativ a fënnef Regiounen opgedeelt (kuckt d'Kaart riets).

Wëssenswäertes

(dem Alphabet no)

BundesstaatLagBildWëssenswäertes
Acre

Acre huet bis zum Ufank vum 20. Joerhonnert zu Bolivien gehéiert. Et gouf awer vu brasilianeschen Awanderer bewunnt, déi bannent Bolivien de facto en onofhängegt Gebitt geschaf hunn.
Alagoas

Attraktioun vum Bundesstaat Alagoas si seng wäiss Plagë laangsch seng 230 Kilometer Küst.
Amapá

Amapá läit ganz am Norden op der Atlantikküst a grenzt u Franséisch-Guyana a Surinam. Laanscht d'Atlantikküst fënnt ee Mangrovevegetatioun, de Rescht ass tropesche Reebësch.
Amazonas

Amazonas ass dee gréisste Bundesstaat. En ëmfaasst de westlechen Amazonasbaseng a besteet gréisstendeels aus tropeschem Reebësch.
Bahia

D' Haaptstad vu Bahia (baía = Bucht) ass Salvador da Bahia, dat bis 1763 d'Haaptstad vu Brasilie war. Bahia ass mat 1.183 Kilometer Küst dat Bundesland mat der längster Atlantikküst.
Ceará

Ceará grenzt un den Atlanteschen Ozean. An der Haaptstadt Fortaleza goufen 2004 déi meescht Touriste vu ganz Brasilie gezielt.
Distrito Federal do Brasil

De Bundesdistrikt läit am zentralen Héichland. Sconns 1823 gouf et d'Iddi eng nei Haaptstad nei opzeriichten.
Espírito Santo

De Bundesstaat Espírito Santo (Hellege Geeschtt) läit am Südosten. Espírito Santo ass ee vun de gréisste Granitexportateure vun der Welt an ee vun de gréisste Kaffiproduzenten aus dem Land.
Goiás

Scho 1592 gouf do Gold entdeckt, mä eréischt an der 2. Hallschent vum 18. Gouf d'Sich méi intesifiéiert.
Maranhão

D'Haaptstad São Luís ass eng wichteg Industriestad, als Hafen den Endpunkt vun der Eisebunnslinn aus dem Eisenäerzbaseng Serra dos Carajás, an huet eng kolonial Alstad, déi als Weltkulturierwen no an no restauréiert gëtt. Alcântara bitt ee Kontrast vu fréierer kolonialer 1Architektur, déi am Gaang ass, ze zerfalen, an High-Tech a Form vun der brasilianescher Weltraumgare.
Mato Grosso

Mato Grosso ass d'Haptubaugebitt fir Soja a Brasilien. Gouverneur ass den Industrielle Blairo Maggi. Säi Grupo Amaggi ass de gréisste Sojaubauer weltwäit. Ënner senger Regierung huet de Bundesstaat Mato Grosso déi gréisst Ofholzung vum Reebësch vu Brasilien duerchgefouert.
Mato Grosso do Sul

Mato Grosso do Sul (vum Süden) ass mat 6,4 Awunner/km² eng vun deene Géigende mat de mannsten Awunner. Bal en Drëttel vun der Fläch vum Bundesstaates ass suppegt Iwwerwemmungsgebitt.
Minas Gerais

Minas Gerais ass ongeféier sou grouss wéi Frankräich. D'Haaptstad Belo Horizonte gouf um Enn vum 19. Jh. Amplaz vun der aler Haaptstad Ouro Preto ugeluecht.
Pará

Pará ass deen zweetgréissten, huet awer just 6,2 Mio. Awunner. E läit am Amazonasgebitt an ass vun engem groussen Deel vu Reebësch bedeckt, deem seng Fläch awer ëmmer wéinst Roudungen ofhëlt.
Paraíba

Zwee Drêttel vum Bundesstaat leien op enger Héicht tëscht 300 an 900 m. A Paraíba ass deen ëstlechsten Deel vun Amerika.
Paraná

E grenzt un Argentinien a Paraguay. Do sinn déi bekannt Waasserfäll vun Iguaçu. Am Oste grenzt Paraná un den Atlantik. Do hu sech am 19. Jh. vill Awanderer aus Italien, Polen, Däitschland, Russland an aus der Ukrain néiergelooss.
Pernambuco

Pernambuco gëtt duerch d'Landwirtschaft dominéiert, besonnesch wichteg ass den Ubau vun Zockerrouer a Maniok. Et ass ee vun den äermste Bundesstaate vu Brasilien.
Piauí

Piauí huet eng Populatiounsdicht vun 11,3 Awunner/km². D'Haaptstad Teresina gouf 1852 gegrënnt an no der Keeserin Teresa Cristina genannt.
Rio de Janeiro

'Awunner vum Bundesstaat gi Fluminenses genannt, déi aus der Haaptstad mam selwechten Numm Cariocas.
Rio Grande do Norte

Rio Grande do Norte aass deen nord-ëstlechste Bundesstaat vu Brasilien an och den nord-ëstlechsten Eck vu Südamerika.
Rio Grande do Sul

Indianer an Abenteurer vum 17. An 18. Jh. waren déi éischt Awunner vun do. D'Grenz zu Argentinien an Uruguay ass 1.700 km laang.
Rondônia

Rondônia gouf nom Fuerscher a Geodet Cândido Rondon genannt.
Roraima

E groussen Deel vum Bundesstaat ass vun tropeschem Reebësch bedeckt. Am Osten ass e klengt Savannegebitt.
Santa Catarina

Am 19. Joerhonnert gouf et do eng staark Awanderung aus Italien, Polen, Russland an Däitschland. Nach haut gëtt zu Blumenau en Oktoberfest gefeiert.
São Paulo

São Paulo ass dee Bundesstaat mat der héchster Populatiounszuel an der gréisster ekonomescher BedeitungSeng Fläch si just 3 % vu ganz Brasilien, d'Awunnerzuel awer 22,5 % vun der där vum Land.
Sergipe

Sergipe grenzt un d'Bundesstaaten Alagoas a Bahia an un den Atlanteschen Ozean.
Tocantins

Tocantins gouf eréischt 1988 op Decisioun vun der Bundesregierung gegrënnt, andeems et vu Goiás ofgespléckt gouf.

Statistik

FändelBundesstaatISO 3166-2:BRHaaptstadFläch (a km²)Populatioun (2005)Densitéit (2005)BIP (2004)BIP pro Kapp (2004)HDI (2000)Alphabetiséierung (2003)Kannerstierfl. (2002)Liewenserw, (2004)
AcreACRio Branco152.581,4656.0434,303.242.123 (0,2 %)5.1430,69784 %33,2 ‰70,8
AlagoasALMaceió27.767,73.015.912108,6111.556.013 (0,7 %)3.8770,64970 %57,7 ‰66,0
AmapáAPMacapá142.814,6594.5874,163.720.013 (0,2 %)6.7960,75391 %24,9 ‰69,8
AmazonasAMManaus1.570.745,73.232.3302,0535.889.111 (2,1 %)11.4340,71394 %20,8 ‰73,4
BahiaBASalvador564.692,713.815.33424,4686.882.488 (4,9 %)6.3500,68879 %38,7 ‰71,4
CearáCEFortaleza148.825,68.097.27654,4033.261.175 (1,9 %)4.1700,70078 %35,1 ‰69,6
Distrito FederalDFBrasília5.822,12.333.108400,7343.522.926 (2,5 %)19.0710,84496 %17,5 ‰74,9
Espírito SantoESVitória46.077,53.408.36573,9734.488.268 (2,0 %)10.2890,76590 %20,9 ‰73,1
GoiásGOGoiânia340.086,75.619.91716,5241.316.658 (2,3 %)7.5010,77690 %20,7 ‰72,8
MaranhãoMASão Luís331.983,36.103.32718,3816.547.977 (0,9 %)2.7480,63677 %46,3 ‰66,8
Mato GrossoMTCuiabá903.357,92.803.2743,1027.935.132 (1,6 %)10.1620,77390 %21,5 ‰72,6
Mato Grosso do SulMSCampo Grande357.125,02.264.4686,3419.954.505 (1,1 %)8.9450,77891 %19,2 ‰73,2
Minas GeraisMGBelo Horizonte586.528,319.237.45032,79166.564.882 (9,4 %)8.7710,77389 %20,8 ‰74,1
ParáPABelém1.247.689,56.970.5865,5834.196.694 (1,9 %)4.9920,72390 %27,3 ‰71,4
ParaíbaPBJoão Pessoa56.439,83.595.88663,7114.863.913 (0,9 %)4.1650,66175 %45,5 ‰68,3
ParanáPRCuritiba199.314,910.261.85651,48108.699.740 (6,2 %)10.7250,78793 %20,7 ‰73,5
PernambucoPERecife98.311,68.413.59385,5847.697.268 (2,7 %)5.7300,70579 %44,8 ‰67,5
PiauíPITeresina251.529,23.006.88511,958.611.106 (0,5 %)2.8920,65672 %33,1 ‰68,2
Rio de JaneiroRJRio de Janeiro43.696,115.383.407352,05222.564.408 (12,6 %)14.6390,80796 %19,5 ‰72,4
Rio Grande do NorteRNNatal52.796,83.003.08756,8815.906.902 (0,9 %)5.3700,70577 %41,9 ‰69,8
Rio Grande do SulRSPorto Alegre281.748,510.845.08738,49142.874.611 (8,1 %)13.3200,81495 %15,4 ‰74,5
RondôniaROPorto Velho237.576,21.534.5946,469.744.908 (0,6 %)6.2380,73592 %24,6 ‰70,6
RoraimaRRBoa Vista224.299,0391.3171,741.864.318 (0,1 %)4.8810,74691 %17,8 ‰69,3
Santa CatarinaSCFlorianópolis95.346,25.866.56861,5370.208.541 (4,0 %)12.1590,82295 %18,2 ‰74,8
São PauloSPSão Paulo248.209,440.442.795162,93546.607.616 (30,9 %)13.7250,82095 %17,4 ‰73,7
SergipeSEAracaju21.910,31.967.76189,8113.121.517 (0,7 %)6.7820,68290 %40,6 ‰70,3
TocantinsTOPalmas277.620,91.305.7284,704.768.864 (0,3 %)3.7760,71083 %28,4 ‰70,7

Um Spaweck