Klouschter
E Klouschter ass eng gemeinsam Wunneng vun Uerdensleit, Männer oder Fraen. D'Wuert "Klouschter" kënnt vum laténgesche Wuert claustrum an heescht zougespaart Plaz.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/e/ee/Abtei_Pr%C3%BCm_003x.jpg/220px-Abtei_Pr%C3%BCm_003x.jpg)
E Klouschter läit normalerweis baussent den Uertschaften oder op d'mannst ofgetrennt dervun. Déi Leit, déi an engem Klouschter liewen, gi Pateren oder Bridder, respektiv Nonnen oder Schwëstere genannt. Eng besonnesch Form vu Klouschter ass eng Abtei.
Am Mëttelalter hate Kléischter normalerweis och eng eege Kierch, e Kräizgank, Wunn- a Schlofzëmmeren, besonnesch Zëmmere fir Gäscht an Aarbechtsgebaier. Dacks huet och eng Schoul zum Klouschter gehéiert.
Vill Kléischter waren a sinn nach ëmmer en Zentrum fir Kultur, Wëssenschaften, Konscht, Bauerewiesen oder Gesondheetswiesen.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Kléischter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
🔥 Top keywords: Haaptsäit1864AntiquitéitProjektiounsmodellHenri CornetCamille DimmerKategorie:GuatemalaKategorie:Norwegesch MusekerMikronesienSpezial:SichenAlbanienKategorie:KamerunZweete WeltkrichSpezial:Rezent ÄnnerungenMilano-Sanremo25. AbrëllKuwaitMichel MajerusKategorie:Gebuer 1952Fred JunckWikipedia:KontaktWikipediaSitcomLëtzebuerg (Land)Wikipedia:De StamineeLëscht vu lëtzebuergeschen OlympionickenD'Tatta DillendappSchabloun:AVDW R50Wikipedia:CommunautéitssäitKategorie:Sloweenesch SchachspillerWikipedia:AktualitéitHémechtAn American Werewolf in ParisBenotzer Diskussioun:VolvoxSociété anonyme des hauts-fourneaux de DifferdangeEd LauterWikipedia:General disclaimerDëppegéisser (Museksgrupp)Diks