Katrín Jakobsdóttir

islännesch Politikerin

D'Katrín Jakobsdóttir, gebuer den 1. Februar 1976 zu Reykjavík, ass eng islännesch Politikerin (Lénks-gréng Beweegung). Si war vum 30. November 2017 bis den 9. Abrëll 2024 Premierministesch.

Katrín Jakobsdóttir
Gebuer1. Februar 1976
Reykjavík
NationalitéitIsland
EducatiounUniversitéit Island,
Universitéit Island
AktivitéitPolitiker, Ëmweltaktivist
ParteiLénks-Gréng Beweegung
MammSigny Thoroddsen

D'Katrin[1] war zanter 2003 Vizepresidentin, an zanter 2013 Presidentin vun der Lénks-grénger Beweegung. Vun 2007 bis 2017 war si Member vum Althing, dem islännesche Parlament. Tëscht 2009 an 2013 war si Ministesch fir Bildung, Wëssenschaft, Kultur an Nordesch Zesummenaarbecht.

D'Katrín huet op der Universitéit Island (Háskóli Íslands) islännesch Sprooch a Literatur studéiert.

Am Abrëll 2024 ass si vun hirem Posten als Premierministesch zeréckgetrueden, fir bei de Presidentewale kënnen ze kandidéieren. Nofollger am Amt gouf de Bjarni Benediktsson, deen och hire Virgänger war.[2] Si gouf Zweetgewielt, nei Presidentin gouf d'Halla Tómasdóttir.

Referenzen an Notten