Kaméileblumm

Planzenaart aus der Gattung Matricaria

D'Kaméileblumm (Matricaria chamomilla oder och Matricaria recutita) ass eng Planzenaart aus der Famill vun den Asteraceae. Si war ursprénglech a Süd- an Osteuropa doheem, haut ass se ze soen a ganz Europa verbreet. Et ass eng al Heelplanz, déi virun allem bei Problemer mam Daarm oder mam Mo a bei Entzündungen hëlleft.Et ass eng eejäreg Planz déi tëscht 15 a 50 cm héich gëtt. D'ganz Planz huet deen typesche Kamille-Geroch. D'Blieder si 4 bis 7 cm laang a mat 2 - 3 Wutzen. Déi eenzel Wutze si schmuel, knapps 0,5 mm breet, an hunn eng pickeg Spëtzt.

Wëssenschaftlech Klassifikatioun
RäichPlanzeräich
ËnnerräichTracheobionta
OfdeelungBléieplanzen
KlassMagnoliopsida
ËnnerklassAsteridae
UerdnungAsterales
FamillAsteraceae
ËnnerfamillAsteroideae
GattungKaméileblummen (Matricaria)
Wëssenschaftlechen Numm
Matricaria chamomilla
Matricarnia recutita
L.

Eng eenzel Planz kritt 8 bis 120 (seele bis zu 900) Bléiekäppercher. Dës si bis 25 mm breet a stinn op engem 3 bis 10 cm laange Still. Se bléien tëscht Mee a September.D'Kaméileplanze wuessen um Flouer an op Broochen, am léifstem op frëschem, nierstoffräichem, meeschtens kallekaarmen an éischter leemege Biedem.

Um Spaweck

Commons: Kamille – Biller, Videoen oder Audiodateien