Kalliope

D'Kalliope (v. gr.: Καλλιoπε - déi mat der schéiner Stëmm) war eng vun den néng Musen aus der griichescher Mythologie.

Kalliope
Deel vunMus
Geschlechtweiblech
Famill
Liewenspartner(in)Apollo, Ares, Zeus
PappZeus
MammMnemosyne
GeschwësterKlio, Melpomene, Urania, Euterpe, Terpsichore, Erato, Polyhymnia, Thalia
KannerOrpheus

Si war d'Muse vun der eepescher Dichtung, der Wëssenschaft an dem Säitespill.

Hiert d'Kennzeechen ass eng Schreiftafel.

A verschiddene Source gëtt si als d'Mamm vum Orpheus ugesinn, an heiansdo och vun de Sirenen. Si war et och, déi Riichter an dem Sträit ëm den Adonis tëscht der Aphrodite an der Persephone gespillt huet.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck

Commons: Calliope – Biller, Videoen oder Audiodateien