Jour de fête

Jour de fête ass e franséische Film vum Jacques Tati aus dem Joer 1949.

Jour de fête
Film
ProduktiounslandFrankräich
Produktiounsjoer1949
Première1950
Dauer76 min
FaarfSchwaarz-Wäiss
Format1,37:1 -
Filmformat35 mm
OriginalsproochFranséisch
Ekipp
RegieJacques Tati
DréibuchJacques Tati
Henri Marquet
René Wheeler
FotografieJacques Mercanton
Jacques Sauvageot
MusekJean Yatove
SchnëttMarcel Morreau
Sophie Tatischeff
DekorenRené Moulaert
ProduzentFred Orain
André Paulvé
Cady Films
Panoramic Films
Schauspiller
Jacques Tati als François
Guy Decomble als Roger
Paul Frankeur als Marcel
Santa Relli als Germaine
Maine Vallée als Jeannette
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

An engem klenge franséischen Duerf riichten d'Kirmesleit hir Buden an e Karussell op. D'Kanner kucken no. De Bréifdréier (Jacques Tati) fiert mat senge Vëlo duerch d'Duerf fir seng Tournée ze maachen…

Soss

De Film ass am Joer 1949 faarweg gedréint ginn awer well de Faarfsystem Thomsoncolor ganz nei war gouf, fir sécher ze goen, gläichzäiteg eng schwaarz-wäiss Versioun gedréint. Déi schwaarz-wäiss Versioun koum 1949 an d'Kinoen, well keng Méiglechkeet bestanen huet fir déi faarweg Versioun z'entwéckelen.Vum Film gëtt et dräi verschidde Versiounen:

  • d'Versioun vun 1949 a schwaarz-wäiss
  • d'Versioun vun 1964 a schwaarz-wäiss mat faarwegen Elementer déi mat der Hand op de schwaarz-wäisse Film gemoolt goufen
  • d'faarweg Versioun vun 1995 an Thomsoncolor déi am Joer 1995 restauréiert gouf an déi dem Jacques Tati seng Duechter Sophie Tatishef montéiert huet.

Um Spaweck