John Frederick Herring Jr.

Den John Frederick Herring Jr. gebuer zu Doncaster 1815[1] oder 1820[2],[3] a gestuerwen 1907 war en englesche Moler.

John Frederick Herring Jr.
PseudonymHerring, John Frederick II, Herring, John Frederick, the younger
GebuerDoncaster
Gestuerwen6. Mäerz 1907
Great Wilbraham
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
AktivitéitMoler


Farmyard feast

Den Herring koum aus enger Artistefamill déi haaptsächlech Sportszeenen an Déierebiller gemoolt hunn. Säi Papp den John Fredderick Herring Sr., deen am Haaptberuff Kutscher war, huet haaptsächlech Päerd gemoolt. Seng Mamm déi Genre-Zeene gemoolt huet, a Member vun der Society of Lady Artists war, huet vun 1852 bis 1866 an der Royal Academy ausgestallt.

Säi Monni, de Benjamin Herring Sr. a seng zwéi Bridder, de Benjamin Jr. an den Charles, hunn an dem selwechte Stil gemoolt. D'Herring's waren deelweis eng Familljenentreprise, si hunn dacks zu méi un engem Bild geschafft, dat da vum Papp signéiert gouf.

Den John huet mat Waasserfaarf an Ueleg gemoolt. Seng Uelegbiller sinn déi intressants a goufen dacks mat Biller vu sengem Papp verwiesselt. Dee Mëssel ass eréischt behouwe ginn, wéi se de Sr. a Jr. bei d'Ënnerschrëft gesat hunn.

Den John war mat der Molerin Kate Rolfe bestuet, déi an der Royal Academy an an der Suffolk Street Gallery ausgestallt huet.

Am Alter huet hien zu Fulbourn bei Cambridge gewunnt, a seng spéit Biller weise Véi op de Wisen, dacks laanscht e Floss oder an de Päscher vu Bauerenhäff.

Den Herring huet an der Royal Academy, vun 1863 bis 1873, am British Institute, vun 1864 bis 1876 an an der Suffolk Street Gallery ausgestallt.

Kuckt och

Lëscht vu Moler (ausser Lëtzebuerg)

Um Spaweck

Commons: John Frederick Herring Jr. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten