Jean Wolter

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jean Wolter, gebuer den 23. Februar 1926 zu Diddeleng, a gestuerwen den 22. Februar 1980 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Journalist an CSV-Politiker.

Jean Wolter
Gebuer23. Februar 1926
Diddeleng
Gestuerwen22. Februar 1980
Esch-Uelzecht
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitPolitiker, Journalist
ParteiCSV
Famill
KannerMichel Wolter

Säi Liewen

Hien huet seng Première gemaach a wollt duerno Droit studéieren, dëst war awer wéinst dem Krich net méiglech. Hie gouf d'éischt bei der Flak agesat, duerno gouf hien an den Arbeitsdienst a Polen an duerno an d'Wehrmacht agezunn. 1945 koum hie fir 6 Wochen a Krichsgefaangeschaft. Elo wollt hie Journalist ginn an no kuerzer Zäit gouf hien an der Lokalredaktioun vum Luxemburger Wort agestallt.

1967 ass hien als Deputéierte fir d'CSV an d'Chamber nogeréckelt.

1970 ass hien an de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht gewielt ginn.

De Jean Wolter war zanter 1974 Vizepresident vun der CSV.

1979 gouf hien Innen- a Familljeminister souwéi och Minister fir Wunnengsbau a sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Thorn-Flesch.

Den 22. Februar 1980 ass de Jean Wolter u Longekriibs gestuerwen.

Hie war de Papp vum Michel Wolter.

Gielercher

Referenzen