Jean Stablinski

franséische Vëlossportler

De Jean Stablinski, mam richtegen Numm Stablewski, gebuer den 12. Mee 1932 zu Thun-Saint-Amand a gestuerwen den 22. Juli 2007 zu Lille, war e franséische Vëlossportler. Hie krut d'franséisch Nationalitéit 1948.

De Jean Stablinski (riets) mat dem Aldo Bolzan (Mëtt) an dem Jempy Schmitz (lénks)

Hien ass den Tour de France zwielefmol matgefuer an huet dobäi fënnef Etappe gewonnen.

Et war en zimmlechen Dropgänger an dem Jacques Anquetil säi beschte Läitnant. Hie war Profi vun 1953 bis 1968, a gouf zweemol wéinst Doping gespaart.

No senger Carrièrre als Vëlossportler gouf hien Directeur sportif, wou hie sech z. B. ëm de Lucien Van Impe an de Bernard Hinault bekëmmert huet.

Hien ass no laanger Krankheet den 22. Juli 2007 an engem Spidol zu Lille gestuerwen.

Palmares

  • Weltmeeschter op der Strooss
  • Franséische Landesmeeschter
  • 1. am Circuit des Trois Villes Sœurs
  • 6. an der Vuelta a España
  • 21. a Paris - Tours
  • 30. am Tour de France
  • Franséische Landesmeeschter
  • Tour de Haute-Loire
  • 1. a Paris - Bruxelles
  • Tour de France (opginn an der 16. Etapp)

Um Spaweck