Ier si Schauspillerin gouf, huet si op verschiddenen Universitéite studéiert an niewelaanscht als Model, notamment fir de Playboy geschafft. Si soll en IQ vun 163 gehat hunn a soll fënnef Sprooche konnt hunn.
D'Jane Mansfield huet konsequent mat hirem Sexappeal geschafft a sech en Image als Diva opgebaut. Si huet hir ëffentlech Optrëtter inszenéiert, bei deenen hir Garderobe, an dat wat se gewisen huet oder sou just net, ëmmer nees fir Artikelen an der Presss gutt waren.
Filmer, mat deene se bekannt gouf, waren ë. a. The Girl Can't Help It (1956) Will Success Spoil Rock Hunter? (1957) a The Sheriff of Fractured Jaw (1958).
No enger Rëtsch vu Floppe goung si ufanks vun den 1960er Joren an Europa, wou si ë. a. nieft dem Freddy Quinn am Film Heimweh nach St. Pauli (1963) opgetratt ass, a wou s'eng Tournée duerch brittesch Nightclubs gemaach huet. Si war ëmmer méi an hirem selwerfabrizéierte Cliché gefaangen, wat mam Alter net méi einfach gouf.
D'Jayne Mansfield ass, zesumme mat hirem Freier, bei engem Autosaccident am Louisiana gestuerwen. Si war dräimol bestuet, ë. a. mam Schauspiller a Mr. Universum Mickey Hargitay, an hat am Ganze 5 Kanner.