Jacques Piccard

Schwäizer Erfinder an Ozeanograph

De Jacques Piccard, gebuer den 28. Juli 1922 zu Bréissel, a gestuerwen den 1. November 2008 zu Genf, war e Schwäizer Erfinder an Ozeanograph. Hie war virun allem bekannt wéinst senger Erfuerschung vum déiwe Mieresbuedem u Bord vum Bathyscaphe, dee vun him a sengem Papp, dem Auguste Piccard, entworf gouf.

Jacques Piccard
Gebuer28. Juli 1922
Bréissel
Gestuerwen1. November 2008
NationalitéitSchwäiz
EducatiounUniversitéit vu Basel,
Universitéit vu Genf
AktivitéitErfinder, Ingenieur, Explorateur
Famill
PappAuguste Piccard

Mat dem Bathyscaphe ass hien den 23. Januar 1960, zesumme mam Don Walsh, op eng Rekorddéift vu 10.916 Meter am Mariannegruef erof gedaucht. De Bathyskaph huet dobäi den Drock vu méi wéi 1000 Atmosphären aushale missen. Si konnte feststellen, datt et och an Dausende vu Meter Déift nach Fësch an deemno Liewe gëtt.

1969 huet de Jacques Piccard d'Ben Franklin (PX-15) Missioun am Waarme Golfstroum geleet. Dem Jacques säi Fils, de Bertrand Piccard, setzt d'Familljentraditioun fort an huet am Mäerz 1999 als Éischten nonstop mat engem Waarmloftballon en Tour ronderëm d'Äerd gemaach.

Um Spaweck

Commons: Jacques Piccard – Biller, Videoen oder Audiodateien