Duerch dat Klouschter gouf Iechternach séier zu enger wichteger Handels- an Handwierkergemeng, déi 1236 vun der Ermesinde d'Stadrecht krut. 1596 gouf enges nuets den Abt Jean Bertels vun den Hollänner gefaange geholl a koum eréischt duerch e Léisegeld erëm fräi. An der Besatzungszäit duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ass d'Abtei verkaaft ginn. Si gouf zu enger Parzeläinsbrennerei ëmfunktionéiert an d'Tierm vun der Basilika hunn als Schaarschtecher gedéngt. Spéider war s'eng Kasär, duerno nëmmen nach eng Ruin. Mat Hëllef vum Willibrordus-Bauveräin gouf d'Basilika erëm opgebaut.
1886 huet d'Gemengeverwaltung den Henri Tudor chargéiert fir an der Stiedchen eng elektresch Beliichtung mat Hëllef vun Tudor-Akkumulatoren opzebauen. Iechternach war domat net nëmmen déi éischt Stad am Land, mä och eng vun den éischte Stied an Europa, déi sech deen, fir déi deemoleg Verhältnesser, Luxus erlaabt huet. D'Anlag ass de 24. Oktober 1886 a Betrib geholl ginn[2].
Mat der Eisebunn, dem Chareli, koum den Opschwonk erëm, Iechternach gouf lues a lues touristesch. Am Zweete Weltkrich hat Iechternach, well et direkt op der Grenz louch, an der Ardennenoffensiv staark ze leiden; grouss Deeler vun der Stad goufen zerstéiert, dorënner och d'Basilika. D'Basilika, wéi d'Stad, gouf nom Krich erëm opgebaut.
Am Abrëll 2021 sinn Archeologen op de gutt erhalene Grondrëss vun engem Haff gestouss, deem seng Spuere bis an d'7. Joerhonnert féieren, deemno aus dem Willibrord senger Zäit stamen. De Kulturministère geet dervun aus, dat et sech ëm d'Reschter vum Iechternacher Klouschterhaff handelt. Dës Gruewunge goufen am Summer 2018 ugefaangen, nodeems de baufällegen Hotel A la Petite Marquise am Dezember 2017 ofgerappt gouf.[3]
De Schäfferot, dee sech no de Wale vun 2011 gebilt huet, huet op enger CSV-LSAP-Koalitioun baséiert, mam Théo Thiry (CSV) als Buergermeeschter. Dësen ass dann awer wéinst enger "Immoblienaffär" den 29. Januar 2015 zeréckgetrueden[4]; duerno war den Yves Wengler (CSV) Buergermeeschter[5]. No de Gemengerotswale vum 8. Oktober 2017 gouf dës Koalitioun vun LSAP an CSV virugefouert.
2023 koum et zu engem Koalitiounsaccord tëscht DP an LSAP; Buergermeeschtesch ass zanterhier d'Carole Hartmann (DP).[6]
Zwéi Muséeën, den Abteimusée an de Musée fir Virgeschicht, ginn en Abléck an d'Vergaangenheet vun der Stad, an den Trifolion (Centre culturel, touristique et de congrès) bitt Plaz fir Evenementer.
Zu Iechternach gëtt et e puer iwwer d'Grenzen eraus bekannten Evenementer. Virbäi ass d'Sprangpressioun bei där all Joer Päischtdënschdes bis zu 10.000 Pilger zu Éiere vum hellege Willibrord, a Reien op d'Weis vun enger traditioneller Musek duerch Iechternach sprangen.
En anert grousst Evenement ass den e-Lake festival, bei deem 20.000 Leit, haaptsächlech Jonker, dräi Deeg laang bei Rock, Techno a Popmusek feieren.
Den Iechternacher Museksfestival ass am Beräich vun der klassescher an Jazzmusek och e ganz renomméierte Festival dee wäit iwwer d'Grenze bekannt ass.
Zanter 2004 gëtt zu Iechternach dat gréisst Ballonstreffen am Land ofgehalen. Donieft sinn all Joer international Sportveranstaltungen, wéi den Triathlon an de Run For Fun — bis 2011 och den Iechternacher Marathon — mat vun der Partie.
Am bekanntsten ass Iechternach fir seng Basilika, an där an der Krypta déi stierflech Iwwerreschter vum hellege Willibrord leien.
Abtei
An der fréierer Abtei Iechternach ass haut den Iechternacher Kolléisch. D'Abtei besteet aus fënnef Deeler, der Rotonde, dem Haaptgebai, der aler Primärschoul, engem Bausseflillek an der Orangerie. Si ass verbonne mat der Basilika.
Rokoko-Pavillon
De Rokoko-Pavillon vu 1765 steet an engem Eck vum Stadpark no bei der Sauer.
Dat fréiert Geriichtsgebai bilt mat dem Haus niewendrun dat haitegt Stadhaus. Am Dënzelt selwer ass e Sall fir d'Gemengerotssëtzungen, e Sall an deem d'Hochzäiten ofgehale ginn, e puer Büroen, Archivraim an Ausstellungssäll. Eng Plackett um Gebai erënnert un de Stadbréif, deen Iechternach vun der Ermesinde krut.
Vun der mëttelalterlecher Stadmauer, déi 2.360 m laang war, gëtt et nach gutt erhale Stécker a vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm sinn der fënnef nach gutt erhalen a ginn als Wunneng benotzt respektiv un Touriste verlount.
Dëse kënschtleche Séi ass op der Plaz, wou fréier d'Lëschenhaus, eng Aart Erhuelungsheem fir d'Pateren aus der Abtei, war. Den Iechternacher Séi ass och d'Plaz vum Mobilux Trophy, dem e-Lake festival an dem Marathon.
Troosknäppchen
Um Troosknäppchen (Trooskneepchen am Iechternacher Dialekt)[7] steet e klenge Pavillon, vun deem aus een eng Vue iwwer Iechternach huet.
Brimmeyr, J.P., 1921.Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 1. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 320 S.
Brimmeyr, J.P., 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen. Luxemburg, Impr. Centrale, G. Soupert, 259 S.
Coussement, S., 2003. Echternach et ses environs. Echternach und Umgebung. Stroud (Gloucestershire), Tempus Publishing Group, 128 S. (2. Oplo: 2009). [1]
Echternach - Notre ville. Le livre d'or du centenaire. Echternach: Société d'embellissement et de Tourisme, 1977.
Kauthen, P., J. Simon & F. Wilhelm (textes); P. Barone-Wagener & J.C. Degrelle (photos), 1997. Echternach 1998: Itinéraire illustré. Echternach, Ville d'Echternach, 86 S.
Mayer, C., 2010. Kanton Echternach. Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Bd. 1. Ein Katalog der erhaltenswerten Kulturgüter und Ensembles. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, Luxembourg 2010, 591 S.
Rousseau, P., 1985. Echternach. Cité abbatiale. Abteistadt. An Abbey City. Abdijstad. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld, 64 S.
Spang, P., 1967. Handschriften und ihre Schreiber: ein Blick in das Scriptorium der Abtei Echternach. Luxemburg, Bourg-Bourger, 95 S. (Editiones Epternacenses).
Spang, P., 1983. Echternach: Geschichte einer Stadt. Luxemburg, RTL Edition, 125 S.
Spang, P., 1985. Das totgesagte Echternach. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 143 S. (betr.: Iechternach 1944/45).
Spang, P., 1988. Die Echternacher und ihre Basilika. Luxemburg, Sankt-Paulus Druckerei,167 S.