Hôtel de Paris (Stad Lëtzebuerg)

Den Hôtel de Paris (och Hôtel-Restaurant Paris Palace) war en Hotel an der Stad Lëtzebuerg, deen 1909-1912 op der Paräisser Plaz am Garer Quartier gebaut gouf.

Hôtel de Paris
(2006)
LandLëtzebuerg
GemengLëtzebuerg
PlazGarer Quartier
StroossPlace de Paris
AdressNei Avenue / Paräisser Plaz
Koordinaten49° 36’ 14.4’’ N 6° 07’ 51.8’’ O
Architekt(en)Joseph Nouveau
Léon Muller
StatutKlasséiert Monument (INPA)
ZweckHotel

Architekte waren de Joseph Nouveau an de Léon Muller, gebaut gouf et vun de Bridder Seiler.

Et war e Gebai am neo-klassizistesche Stil, mat Sandsteefassad. An den 1970er Jore wier et bal ganz zerstéiert ginn; d'Fassad gouf awer gerett an nees, mat engem neie Gebai bannendran, an d'Fassong gesat.[1]

Am Gebai war vun 1980 un eng Bankfilial dran, ier am Joer 2014 en italieenesche Restaurant do seng Dieren opgemaach huet.

Zanter dem 6. Juli 1978 ass d'Gebai op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Hotel de Paris (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen