Hermippe (Mound)

Jupitermound


De Mound Hermippe (oder Jupiter XXX) ass ee vun de klengste bekannte baussenzegste Mounde vum Planéit Jupiter.

Hermippe
(Jupiter XXX)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 3
ZentralkierperJupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs21.131.000 km
Periapsis16.693.500 km
Apoapsis25.568.500 km
Exzentrizitéit0,210
Ëmlafzäit633,9 Deeg
Ëmlafvitess2,42 km/s
Inklinatioun150,7°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser4 km
Dicht~2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo0,04
Visuell Magnitude (mag)22,1
Entdeckung
EntdeckerIFA Hawaii
Entdeckungsdatum9. Dezember 2001

Entdeckung

Den Hermippe gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Den Mound krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 3.

De Mound gouf duerno no der Hermippe genannt, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie.

Bunndaten

Den Hermippe kreest op enger mëttlerer Distanz vun 21.131.000 km a 633 Deeg an 22 Stonnen ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,210. Mat enger Inklinatioun vun 150,7° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Hermippe zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.

Physikalesch Daten

Den Hermippe huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. En ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgesteng opgebaut. Den Hermippe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,1m.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck