Halo (Astronomie)
Den Halo (vum Griicheschen hálos »Liichthaff«) vun enger Galaxie ass ee bal kugelfërmege Beräich, dee méi grouss ass wéi d'Galaxie selwer. D'Galaxie ass am Zentrum vum Halo agebett.
Am Halo steet ee Kugelstärekéip an e puer, meeschtens al Eenzelstären. Déi Stären ëmkreesen den Zentrum vun der Galaxie baussenzeg vun hirer Rotatiounsachs, meeschtens op exzentreschen Ëmlafbunnen. Am Halo fënnt een ausserdeem interstellar Gaswolleken an Donkel Matière, déi Gravitatioun produzéiert, vun deenen awer d'Zesummesetzung nach net bekannt ass.
Der Mëllechstrooss hiren Halo ass 165.000 Liichtjoer breet.
Literatur
- Heather Morrison: Formation of the galactic halo. Astronomical Soc. of the Pacific, San Francisco 1996, ISBN 1-886733-13-9
- Philip A. Davis, Saul J. Adelman: Hot stars in the galactic halo. Cambridge Univ. Press, Cambridge 1994, ISBN 0-521-46087-5
Um Spaweck
• (de) Galakteschen Halo
Kuckt och
🔥 Top keywords: HaaptsäitBundeskanzler (Däitschland)MathematikBernard BlierSpezial:Rezent ÄnnerungenMarokko24. Dezember1811Zweete WeltkrichBoeingSüdafrikaLiteratur1891Gordian TroellerKäerchNew York CityAlbanienKategorie:NorwegenTübingenProvënz Wallounesche BrabantWikipediaLann zu KënzegGemeng ËlwenPortal:Reliounen a GlawensrichtungenPol LeursEnrico FermiDanilo Di LucaSaint Lucia126323. NovemberAstronomesch EenheetKuwaitMonumenter vun der ArdennenoffensivJodocus HondiusSpezial:SichenËttengChamonixNicolas SarkozyRob Deltgen