Hagen (Moselle)

Hagen, op Lëtzebuergesch Hoen, ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.D'Duerf gehéiert zanter 1769 zu Frankräich.

Hagen
lb: Hoen
Kierch vun Hoen

Kierch vun Hoen
Kierch vun Hoen
Land Frankräich
RegiounGrand Est
Departement Moselle
ArrondissementThionville
KantonYutz
Postcode57570
Gemengecode57282
Koordinaten49° 29’ 24’’ N
      06° 10’ 21’’ O
Fläch 351 ha
Bevëlkerung 354 (2020)

Den Uert, deen zum Arrondissement Diddenuewen gehéiert, huet 354 Awunner (Stand 2020).

Hoen ass eng Grenzuertschaft mat Lëtzebuerg an huet fréier zur Par Fréiseng gehéiert. Haut ass Hoen nach direkt mat Lëtzebuerg verbonnen duerch e Feldwee dee vun Helleng iwwer d'Autobunn A13 op Hoen geet.

Kuckeswäertes

  • Neigothesch Välteskapell vun 1866 déi d'Kapell vu 1727 ersat huet. Architekt war e gewësse Jacquemin vu Metz, an den Entreprener de François Legrand vu Rëttgen.
  • Monumentaalt Kräiz vun ëm 1740 (um Kräiz sinn nëmmen déi dräi éischt Zifferen ze liesen). D'Kräiz dat 3,82 Meter héich ass, gëtt den Ateliere Greff vun Altwis zougeschriwwen.
  • Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert an der Rue de la Chapelle.

Kuckt och