Gust Goerens

lëtzebuergesche Politiker

De Gust (Auguste) Goerens, gebuer den 12. Dezember 1921 zu Schieren a gestuerwen den 13. Oktober 2016 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1],[2],[3]

Gust Goerens
Gebuer12. Dezember 1921
Schieren
Gestuerwen13. Oktober 2016
Ettelbréck
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitPolitiker
Famill
KannerCharles Goerens

De Gust Goerens, dee vu Beruff Bauer war, ass 1966 fir d'éischt Kéier an de Schierener Gemengerot gewielt ginn.[1] Hie war Schäffe vun der Gemeng Schieren vun 1966 bis 1977 a Buergermeeschter vun 1978 bis 1994[4].[5]

Am Zweete Weltkrich war de Gust Goerens 1944 vun der Gestapo verhaft an an der Villa Pauly schwéier mësshandelt ginn.[1]

De Gust Goerens hat sech 1948 mat der Marguerite Hoffmann bestuet, der Duechter vum Emile Hoffmann an der Gertrude Metz vum Mathgeshaff, deen hie vun de Schwéierelteren iwwerholl huet.[1]

De Gust Goerens ass de Papp vum Charel Goerens.

Literatur

Referenzen