Gottfried Fittbogen

De Gottfried Fittbogen, gebuer den 20. Januar 1878 zu Ahrenshagen (Nordvorpommern) an Däitschland a gestuerwen den 22. September 1941 zu Berlin, war en däitsche Privatgeléierten an Auteur.

Gottfried Fittbogen
Gebuer20. Januar 1878
Ahrenshagen-Daskow
Gestuerwen22. September 1941
Berlin
NationalitéitDäitscht Räich
AktivitéitSchrëftsteller

Nodeem hie fir d'éischt Theologie studéiert hat, huet hie sech der Germanistik zougewannt. 1907 gouf hien "Oberlehrer" ("Studienrat") zu Berlin-Neukölln. Am Oktober 1911 huet hien de Schouldéngscht zu Gonschte vun der wëssenschaftlecher Fuerschung verlooss. Als Privatgeléierten huet hie sech vun elo u virun allem mat dem "Grenz- und Auslandsdeutschtum" befaasst. De Fittbogen huet eng ganz Rei vu Wierker an Artikelen zu där Thematik publizéiert.

Säin Haaptwierk "Was jeder Deutsche vom Grenz- und Auslanddeutschtum wissen muß", dat an der éischter Editioun (1924) nëmme 64 Säiten déck war, huet et an der néngter a leschter Oplo (1938) op 280 Säite bruecht. Hien huet och eng Rei vun Artikelen iwwer Lëtzebuerg, a besonnesch iwwer dem Karl Theodor André säi literarescht Wierk a seng Virléift fir déi däitsch Sprooch, geschriwwen.

Artikele vum Fittbogen iwwer Lëtzebuerg

  • Von der Volksschule in Luxemburg. In: Deutsche Schule, 29 (Dez. 1925), 12, S. 561-565 (Leipzig).
  • Luxemburg: ein Beitrag zur Psychologie des Landes und seiner Bewohner. In: Der deutsche Gedanke, 3. Jg (10. Mai 1926), Nr. 9, S. 547-550 (Berlin).
  • Karl Theodor André als Dichter. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum, Jg. 10 (1936), H. 5, S. 151-154 (Luxemburg). [1]
  • Zur Biographie von Karl Theodor André. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum, Jg. 11 (1936), H. 1, S. 12-14 (Luxemburg). [2]
  • Bevölkerungsbewegung in Luxemburg. In: Jonghémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum, Jg. 12 (1938), Nr. 5, S. 183-185 (Luxemburg). [3]
  • Der luxemburgische Dichter und Politiker Karl Théodor André (1822-1883). In: Jong-Hémecht: Blätter für heimatliches Schrift- und Volkstum, Jg.12 (1938), H. 7/8, S. 258-264 [4]; Jg. 13 (1939), H. 1/2, S. 7-15 [5]; Jg. 13 (1939), H. 3/4, S. 66-71 [6] (Luxemburg).

Literatur

  • Bierbach, Karl: Gottfried Fittbogen † (1878-1941). In: Südost-Forschungen. Internationale Zeitschrift für Geschichte, Kultur und Landeskunde Südosteuropas, 7. Jhg. (1942), S. 668-669.
  • Loesch, Karl C. von: Gottfried Fittbogen, 1878-1941. In: Ungarische Jahrbücher. Berlin 1942, S. 311-314.

Um Spaweck