Gemeng Pëtschent
D'Gemeng Pëtschent oder och Pëtscht[1] ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Veianen, am Nord-Oste vu Lëtzebuerg an de Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Pëtschent vun där se och hiren Numm huet.
Gemeng Pëtschent | |
---|---|
![]() | |
![]() d'Märei vu Pëtschent | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen | fr: Putscheid de: Putscheid |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Veianen |
Chef-lieu | Pëtschent |
Buergermeeschter | Fabienne Huberty |
Awunner | 1.176 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 2.713 ha |
Héicht | 415 m |
Koordinaten | 49° 57’ 33.99’’ N 06° 08’ 29’’ O |
LAU-Code | LU0902 |
Websäit | http://www.putscheid.lu/ |
![]() | |
Uertschaften an der Gemeng
Geographie
![]() |
Geschicht
D'Gemeng Pëtschent ass 1828 entstane wéi verschidde Circonscriptiounen ëmgeännert goufen. Bei där Geleeënheet ass d'Gemeng Baastenduerf entstanen a Laaschent dat zur deemoleger Gemeng Stolzebuerg gehéiert huet gouf dovun ofgetrennt an de Rescht vun där Gemeng gouf a Pëtschent ëmgedeeft[2]. Ënner dem Ancien Régime, huet den Territoire vun der Gemeng zu den Häerschafte vu Veianen, Berbuerg, a Stolzebuerg gehéiert.
Entwécklung vun der Awunnerzuel
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/lb/timeline/3m9x8giejdfhfjw088d9xrvpxhdz91w.png)
Quell:STATEC
Wopen
![]() | Beschreiwung am Originaltext: Écartelé de gueules et d'azur à la croix d'or brochant, surchargée d'une croix ancrée de gueules cantonnée aux I et IV d'un écusson d'argent, aux II et III d'une croisette recroisettée au pied fiché d'or. |
Interkommunal Syndikater
D'Gemeng Pëtschent ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Politik
De Gemengerot vun der Gemeng Pëtschent gëtt nom Majorzsystem gewielt.
Buergermeeschteren
![]() |
- 1843-1851: Jean Weiler
- 1851-1870: Jean Kayser
- 1871-1890: Math. Bürger
- 1891-1910: Etienne Zenners
- ...
- 1994-2017: Jean Kinn
- 2017-2023: Roger Zanter
- zanter 2023: Fabienne Huberty[3]
Publikatiounen
D'Gemeng Pëtschent gëtt en Informatiounsblat eraus ënner dem Titel D'Pëtschter Noriicht an dem Ënnertitel "Informatiounsblat vun der Gemeng Pëtschent", an enger Oplo vu 400 Exemplairen.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Pëtscht – Biller, Videoen oder Audiodateien |