Gare Mamer-Lycée

D'Gare Mamer-Lycée ass eng Gare op der CFL-Linn 5 tëscht de Gare Bartreng Stroossen a Mamer vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Mamer-Lycée

Streck5
PK8,680
Quaien2
Gleiser2
UertschaftMamer
GemengMamer
KantonCapellen
Koordinaten49° 37’ 06’’ N
      6° 01’ 47’’ O
WebsäitCFL.lu

D'Linn 5 féiert vu Lëtzebuerg bis op Klengbetten a weider op d'belsch Grenz, wou se iwwer d'Infrabel-Linn 162 Uschloss un dat belscht Netz a Richtung Arel huet.

D'Gare Mamer-Lycée ass haaptsächlech geduecht fir d'Schüler vum Campus Tossebierg, d. h. vum Lycée Josy-Barthel a vun der Europaschoul II.

Se huet en ënnerierdesche Passage fir op de Quai vis-à-vis ze kommen an op all Säit e Lift fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.Op all Quai si Leetlinnen ugeluecht fir Leit, déi net gutt gesinn.

Och wann d'Streck ënner 3000 Volt elektrifizéiert ass, goufen an der Gare Poteauen opgestallt déi och mat 25.000 Volt kënne funktionéieren.

Well et eng Lycées-Gare ass gëtt se, zanter Dezember 2010, nëmmen ënner der Woch vu 7 Auer moies bis 5 Auer mëttes ugefuer.

Zich déi an der Gare halen

Aus RichtungHalt virdrunZuchNächst HaltA Richtung
LëtzebuergBartreng-Stroossen RB
CFL-Linn 50 
 MamerKlengbetten
oder Arel
Ee vun den zwéi Lifte mat de Leitlinnen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Mamer-Lycée – Biller, Videoen oder Audiodateien