Gare Ëlwen


D'Gare vun Ëlwen ass déi lescht Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Klierf vun der Lëtzebuerger Eisebunn an der belscher Grenz. Déi éischt Gare an der Belsch ass zu Gouvy.

Gare Ëlwen

Streck1
PK85.562
Quaien2
Gleiser3[1]
UertschaftËlwen
GemengËlwen
KantonKlierf
Koordinaten50° 07’ 09’’ N
      05° 59’ 27’’ O
WebsäitCFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare Ëlwen huet e Guichet, e gratis Park & Rail-Parking mat 148 Parkplazen, a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. D'Bus-Gare ass direkt niewendrun.

Zich déi an der Gare halen

Aus RichtungHalt virdrunZuchNächst HaltA Richtung
LëtzebuergKlierf RE
CFL-Linn 10 
 Terminus-
LëtzebuergKlierfRE
CFL-Linn 10
 GouvyGouvy
LëtzebuergKlierf IC
CFL-Linn 10 
 GouvyLiers

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Gare vun Ëlwen (Mee 2008)

Referenzen an Notten