Gambia (Floss)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Gambia. Fir d'Land, kuckt wgl. Gambia.

De Gambia ass e Floss a Westafrika. Seng Quell läit am Biergmassiv vum Fouta-Djalon am Norde vu Guinea, wou och d'Flëss Senegal an Niger entsprangen. Duerno fléisst en duerch de Senegal, ënner anerem duerch den Niokolo-Koba-Nationalpark. Op där Streck hëlt en e puer grouss Niewefloss op, dorënner den Niokolo Koba, den Niéri Ko an de Koulountou. Spéider kënnt nach de Sandougou dobäi.

Gambia
De Gambia bei der Banneninsel Janjanbureh Island (Gambia)
Längt1 150
Debit149[1]
Fläch vum Baseng69.931 km²
Originn
OriginnQuell
PlazLabé
Héicht438
Konfluenz
Leeft anAtlantik
PlazBanjul
Héicht0
Koordinaten13° 28’ 00’’ N 16° 34’ 00’’ W
Geographie
Land Guinea
Senegal
Gambia

Bei Fatoto ass d'Staatsgebitt vu Gambia erreecht. Bei der gambescher Haaptstad Banjul fléisst de Floss Gambia an engem Estuaire an den Atlanteschen Ozean.

Um Spaweck

Commons: Gambia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen