Friedrich Schütter

däitsche Schauspiller a Synchronspriecher

De Friedrich Schütter, gebuer de 4. Januar 1921 zu Düsseldorf a gestuerwen de 17. September 1995 zu Hamburg, war en däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.

Friedrich Schütter
Gebuer4. Januar 1921
Düsseldorf
Gestuerwen17. September 1995
Hamburg
NationalitéitDäitschland
AktivitéitSynchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Televisiounsschauspiller

1951 huet de Friedrich Schütter mam Wolfgang Borchert d'Junges Theater zu Hamburg gegrënnt. Et sollt haaptsächlech drëm goen, eng Bün ze schafen, déi de jonke Kënschtler sollt op d'Been hëllefen an an Engems e Forum sollt si fir den dramateschen Theater vun där Zäit. Bis zu sengem Doud war de Schütter Direkter vun deem Theater, dat 1973, um véierten Doudesdag vum Ernst Deutsch ëmgedeeft gouf an Ernst Deutsch Theater.

De Schütter huet an enger Onmass vu Tëleesfilmer matgespillt. Mä am bekanntste war seng Stëmm. Hie war den däitsche Synchronspriecher vum Lorne Greene an der Bonanza- an an der Battlestar Galactica-Tëleesserie.

De Friedrich Schütter war vun 1979 bis 1987 mat der Schauspillerin Angélique Duvier bestuet, mat där hien a ville Rollen op de Bün stoung. 1987 ass d'Koppel auserneegaangen.

Nodeem de Schütter 1995 u Kriibs gestuerwe war, huet seng Fra Isabella Vértes-Schütter, eng Medezinnerin an Intendantin, den Theater weidergefouert.

CD

  • Friedrich Schütter: Ein Mensch, mat dem Titel Desiderata, dem däitschen Text vun engem Gedicht vum Max Ehrmann an der däitschsproocheger Fassong vum Pete Seeger sengem Lidd Where Have All the Flowers Gone?, dem Sag mir, wo die Blumen sind.

Filmer (Auswiel)

Kino

Televisioun

  • 1954: Der Klax
  • 1958: Stahlnetz
  • 1961: Gestatten, mein Name ist Cox
  • 1966: Die hundertste Nacht
  • 1967: Dreizehn Briefe
  • 1969: Die Unverbesserlichen
  • 1970: Das Millionenspiel
  • 1972: Motiv Liebe
  • 1977: Tatort - Reifezeugnis
  • 1980: Aller guten Dinge sind drei
  • 1985: Cortuga
  • 1986: Engels und Konsorten
  • 1986: Die Wicherts von nebenan
  • 1987: Der Landarzt
  • 1987: Das Erbe der Guldenburgs
  • 1993: Briefgeheimnis
  • 1994: Molls Reisen

Um Spaweck