Ferdi Kübler

De Ferdinand (Ferdi) Kübler, gebuer de 24. Juli 1919 zu Marthalen bei Zürich a gestuerwen den 29. Dezember 2016 zu Zürich, war ee vun de gréisste Schwäizer Vëlossportler.

Ferdi Kübler
GebuertsnummFerdinand Kübler
Gebuer24. Juli 1919
Gestuerwen29. Dezember 2016
Zürich
NationalitéitSchwäiz
AktivitéitVëlossportler

Hie gouf 1940 Profi, mä wéinst dem Zweete Weltkrich konnt hie bis 1945 just an der Schwäiz fueren.

1950 huet de Ferdi Kübler den Tour de France gewonnen, an 1951 an 1952 de Week-end ardennais, e kombinéiert Klassement vu Liège-Bastogne-Liège an der Flèche wallonne.

1957, am Alter vun 38 Joer, hänkt en de Vëlo un den Nol, an huet duerno mat Erfolleg als Schimoniteur geschafft.

Palmarès

  • Schwäizer Landesmeeschter an der Poursuite
  • Schwäizer Landesmeeschter op der Strooss
  • 1. am Tour de France
  • 1. am Challenge Desgrande-Colombo (Virgänger vum Super-Prestige Pernod)
  • 1. am Trophée Edmond Gentil
  • 1. am Grand Prix de Lugano géint d'Zäit
  • 3. an der Stroosseweltmeeschterschaft
  • Schwäizer Landesmeeschter op der Strooss
  • 1. am Challenge Desgrande-Colombo
  • 2. am Tour de France (Maillot vert dat Joer an 12 Deeg am maillot jaune)
    • 1. an der 5. Etapp Caen-St.Brieuc
    • 1. an der 14. Etapp Toulouse-Millau
  • 2. an der Nordwestschweizer Rundfahrt

Ekippen