Halleffinall 1: Eng Nummer déi italieenesch Erfindung a Kreativitéit weist Sherol Dos Santos: The Sound of Beauty Halleffinall 2: Alessandro Cattelan: The Italian Way (Humoristeschen Ode un italieenesch Handgesten) Finall: Rockin' 1000: Give Peace a Chance Laura Pausini: Benvenuto, Io canto, La solitudine, Le cose che vivi an Scatola Fändelparad vun de 25 Finaliste
Interval Act
Halleffinall 1: Dardust, Benny Benassi a Sophie and the Giants: Horizon in Your Eyes, Satisfaction a Golden Nights Diodato: Fai rumore Halleffinall 2: Laura Pausini a Mika: Fragile a People Have the Power Il Volo: Grande amore Finall:Måneskin: Supermodel an If I Can Dream Gigliola Cinquetti: Non ho l'età Mika: Love Today, Grace Kelly, Yo Yo an Happy Ending
██ Länner an der éischter Halleffinal██ Prequalifizéiert fir d'Finall, awer walberechtegt an der éischter Halleffinall██ Länner an der zweeter Halleffinal██ Prequalifizéiert fir d'Finall, awer walberechtegt an der zweeter Halleffinall
Den 20. Oktober 2021 huet d'European Broadcasting Union (EBU) ugekënnegt datt 41 Länner beim Concours 2022 matmaachen. D'Lëscht enthält all d'Länner déi um Concours 2021 deelgeholl hunn, souwéi Armenien a Montenegro, déi allebéid am Joer 2019 deelgeholl hunn.[3]
No der russescher Invasioun an der Ukraine de 24. Februar 2022 huet d'EBU erkläert, datt d'Participatioun vu Russland inkompatibel wier mam Geescht vum Concours, wouropshin déi russesch Sendere d'EBU verlooss hunn.[1][4]
Déi „5 Grouss“ (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien;
Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall;
Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall.
Am Fall vun engem ex aequo huet dee mat der héchster Eenzelwäertung gewonnen. An der Finall war all Land dat matgemaach huet, berechtegt seng Stëmm ofzeginn.