Ernest Simons

lëtzebuergesche Jurist a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ernest-Charles-Damien Simons, gebuer[1] de 17. Januar 1835 zu Dikrech, gestuerwen[2] den 11. Abrëll 1873 zu Metz, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Ernest Simons
GebuertsnummErnest-Charles-Damien Simons
Gebuer17. Januar 1835
Dikrech
Gestuerwen11. Abrëll 1873
Metz
DoudesursaachApoplex
NationalitéitLëtzebuerg
EducatiounStater Kolléisch
AktivitéitPolitiker, Affekot
Famill
PappCharles-Mathias Simons

Duerch kinneglech-goussherzogleche Beschloss vum 16. Abrëll 1861 krut hien eng Nominatioun[3] als Affekot beim Staatsrot.

Vun 1860 bis 1864 war hien, als Gewielte vum Kanton Réimech[4], Member[5] vun der Assemblée des États.

An der Regierung de Tornaco war hie vum 31. Mäerz 1864 bis de 26. Januar 1866 Generaldirekter fir den Interieur a Bauten, a vum 26. Januar 1866 bis den 3. Dezember 1866 Generaldirekter fir Finanzen.

Hie war vun 1869 bis 1872 als Deputéierten[6] vum Kanton Lëtzebuerg[7] an der Chamber.

Referenzen