Eisenach

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Eisenach am däitsche Bundesland Thüringen. Fir d'Gemeng Eisenach am Landkrees Béibreg-Prüm, kuckt wgl. Eisenach (Äifel).

Eisenach ass eng kreesfräi Stad am Weste vun Thüringen. Si ass als Luther-, Bach- a Wartburgstad bekannt an hat d'Deelfunktioun vun engem Uewerzentrum.

Eisenach
LandDäitschland
BundeslandThüringen
Awunner42.408
 (31. Dezember 2022)
Fläch103.84
Héicht215
Koordinaten50°58'29"N, 10°19'28"O
Telefonszon03691
Postcode99817
Websäithttps://www.eisenach.de/
Jumelage matMarburg, Sedan, Mogiljow


Nikolaikierch zu Eisenach
Haus vum Martin Luther
D'Wartburg

Den Numm kënnt vun Issenach / Isenacha, séiert Waasser oder vum keltesche Waasserlaf am Sumpfdall.

Eisenach läit um nërdleche Bord vum Thüringer Wald an duerch d'Stad fléissen d'Werra, d'Hörsel an d'Nesse.

Geographie

Ausdeenung vum Stadgebitt

  • Stadgebitt: 103,85 Quadratkilometer
  • Bëschflächen: 37,52 Quadratkilometer
  • Landwirtschaftlech Notzflächen: 45,39 Quadratkilometer
  • Bebaute Flächen: 7,44 Quadratkilometer
  • Verkéiersflächen: 6,10 Quadratkilometer
  • Industrieflächen: 1,12 Quadratkilometer

Nopeschgemengen

  • Herleshausen (Werra-Meisner-Kreis)
  • Krauthausen
  • Mihla
  • Hörselberg
  • Wutha-Farnroda
  • Marksuhl
  • Gerstungen

Stadglidderung

Zu Eisenach gehéieren d'Uertsdeeler

  • Berteroda
  • Hötzelsroda
  • Madelungen
  • Neuenhof
  • Hörschel
  • Neukirchen
  • Stedtfeld
  • Stockhausen
  • Stregda
  • Wartha
  • Göringen

Dës Uertsdeeler hunn Uertschaftsverfaassungen, woubäi Neuenhof an Hörschel grad ewéi Wartha a Göringen all Kéier zu enger Uertschaft zesummegefaasst sinn.

Geschicht

Um Stadgebitt vun Eisenach steet d'Wartburg, déi zum Schutz vun der Via Regia 1067 gebaut gouf. Géint Enn vum 12. Joerhonnert gouf si d'Residenz vun de Landgrofe vun Thüringen. Zu Eisenach huet d'helleg Elisabeth gelieft, 1521/22 an de Martin Luther huet sech do verstoppt an d'Neit Testament vun der Bibel op Däitsch iwwersat.

D'Stad gouf 1180 fir d'éischt Kéier ernimmt. Nom Enn vun de Ludowinger an den domat verbonnenen hessesch-thüringeschen Ierffollegkricher 1247-1264 gouf Eisenach Wettiner Gebitt. 1283 krut Eisenach d'Stadrecht a gouf zum juristeschen Uewerhaff vum Landgrof. 1405 huet Eisenach de Status als Sëtz vum Landgrof nees verluer, a 1450 gouf d'Mënzplaz zougemaach.

1498 koum de Martin Luther als Latäinschüler eng éischt Kéier op Eisenach. Den 2. Mee 1521 huet hien, nodeem hie vum Wormser Räichsdag zeréckkomm war, an der Georgienkierch gepriedegt. Den Dag drop gouf hien op der Wartburg als Junker Jörg a Schutzhaft geholl, an ass bis den 1. Mäerz 1522 dobliwwen an huet d'Bibel aus dem griicheschen Urtext an d'Däitscht iwwersat. 1525 goufen am Kader vun de Bauerekricher verschidde Gebaier zu Eisenach zerstéiert - eng gutt Partie Rebelle goufe virun der Georgienkierch gekäppt an nach haut erënnert e Kräiz um Pawee virun der Kierch dodrun. 1528 gouf Eisenach am Zuch vun der Reformatioun evangeelesch, éischte Superintendent gouf de Justus Menius.1596 gouf Eisenach fürstlech Residenz ënner dem Herzog Johann Ernst.

Den 21. Mäerz 1685 ass de Johann Sebastian Bach zu Eisenach op d'Welt komm, a gouf do an der Georgenkierch gedeeft. Säi Papp, den Ambrosius Bach, war de Leeder vun der Rotstrompetterei. Zu Eisenach hunn d'Barockkomponiste Johann Pachelbel a Johann Christoph Bach als Organiste souwéi de Georg Philipp Telemann als Haffkapellmeeschter gewierkt.

1741 ass d'Herzogtum Sachsen-Eisenach mam Doud vum Herzog Wilhelm Heinrich un den Herzog Ernst August vu Sachsen-Weimar gaangen. 1777 war de Johann Wolfgang von Goethe op Aluedung vum Herzog eng éischt Kéier op der Wartburg. 1807 war den Napoleon an der Stad, am Laf vun den Transporter wärend de Koalitiounskricher koum et den 1. September 1810 zu enger Polverexplosioun - nach haut erënnert de schwaarze Buer dodrun. 1814 war den Zar Alexander I. vu Russland zu Eisenach.

D'Wartburgfest vun der "Allgemeinen Deutschen Burschenschaft" 1817 huet vill zum Enn vun der Klengstaaterei an Däitschland bäigedroen. E weidert Wartburgfest gouf et och am Joer 1848. Zanter 1850 huet de Wingolfsbund all zwee Joer säi Wartburgfest zu Eisenach gefeiert.

1840 koum de Physiker Ernst Abbe zu Eisenach op d'Welt. 1847 gouf mat der Faart vu Gotha op Eisenach d'Eisebunn a Betrib geholl. 1859 gouf den Deutsche Nationalverein an der Wiertschaft Phantasie gegrënnt. Den August Bebel an de Wilhelm Liebknecht hunn an der Wiertschaft Goldener Löwe 1869 d'Sozialdemokratische Arbeiterpartei gegrënnt, wouraus méi spéit d'SPD ervirgaangen ass. 1896 gouf d'Eisenacher Fahrzeugfabrik gegrënnt. 1899 gouf d'Monument vum Wingolfsbund fäerdeggestallt an 1902 d'Burschenschaftsdenkmal ageweit. 1904 ass déi haiteg Eisenacher Gar opgaangen an 1907 d'Bachhaus.

Eisenach ass Sëtz vum Landesbëschof vun der Evangeelesch-Lutherescher Kierch an Thüringen.

Zäittafel an Herrschertabell

Johann Wilhelm vu Sachsen-Eisenach
  • 1067: der So no Grënnung vun der Wartburg.
  • 1131: Grënnung vun der Landgrofschaft Thüringen ënner de Ludowinger.
  • Mëtt 12. Joerhonnert: D'Stad Eisenach entsteet.
  • 1264: D'Wettiner kafen d'Landgrofschaft Thüringen, Eisenach fält u Wettin.
  • 1485: Leipziger Deelung, d'Ernestinesch an d'Albertinesch Linn vun de Wettiner entstinn an Eisenach fält un d'Ernestiner.
  • 1547: D'Ernestiner verléieren d'sächsesch Kurwürde.
  • bis 1572: Eisenach ass Deel vum Ernestinesche Gesamtbesëtz.
  • 1572: Erfurter Deelung. Eisenach ass en Deel vum Fürstentum Sachsen-Coburg-Eisenach.
  • 1596: Eisenach gëtt vu Sachsen-Coburg getrennt.
  • 1596-1638: Herzog Johann Ernst (*1566, †1638).
  • 1633: De Johann Ernst keeft Sachsen-Coburg, Eisenach ass nees en Deel vu Sachsen-Coburg-Eisenach.
  • 1638: Eisenach gëtt ënner Sachsen-Weimar a Sachsen-Altenburg opgedeelt, d'Stad Eisenach fält u Sachsen-Weimar.
  • 1638-1641: Eisenach ass en Deel vu Sachsen-Weimar.
  • 1641: Eisenach gëtt vu Sachsen-Weimar getrennt.
  • 1641-1644: Herzog Albrecht (*1599, †1644).
  • 1644: Deelung vun Eisenach tëscht Sachsen-Weimar a Sachsen-Gotha.
  • 1644-1672: Eisenach ass en Deel vu Sachsen-Weimar.
  • 1672: Eisenach gëtt nees vu Sachsen-Weimar getrennt.
  • 1672-1686: Herzog Johann Georg I. (*1634, †1686).
  • 1686-1698: Herzog Johann Georg II. (*1665, †1698).
  • 1698-1729: Herzog Johann Wilhelm (*1666, †1729).
  • 1729-1741: Herzog Wilhelm Heinrich (*1691, †1741).
  • 1741: Eisenach fält op en Neits, déi Kéier definitiv, u Sachsen-Weimar
  • 1809: Staatsrechtlech Vereenegung vu Sachsen-Weimar a Sachsen-Eisenach.

Agemengungen / Kreesfräiheet

Den 1. Juli 1994 koumen Hötzelsroda, Lerchenberg, Neuenhof, Stedtfeld, Stockhausen (bei Eisenach) a Wartha-Göringen an d'Gemeng Eisenach.

Zanter 1998 ass Eisenach nees kreesfräiei, virun 1950 war Eisenach schonn eemol eng kreesfräi Stad.

Awunnerentwécklung

Entwécklung vun der Awunnerzuel (ab 1960 31. Dezember):

1830 bis 1933

1939 bis 1995

1996 bis 2003

2004 bis

1 29. Oktober
2 31. August
3 30. September

Politik

Stadsrot

De Stadsrot besteet aus dem Uewerbuergermeeschter a 36 Memberen aus follgende Parteien:

  • CDU: 13 Memberen
  • PDS: 9 Memberen
  • SPD: 6 Memberen
  • Grüne: 3 Memberen
  • Bürger für Eisenach: 3 Memberen
  • Eisenacher Aufbruch: 2 Memberen

Jumelage

Marburg, Däitschland zanter 1988
Sedan, Frankräich zanter 1991
Waverly, USA zanter 1992
Skanderborg, Dänemark zanter 1993
Mahiljou, Wäissrussland zanter 1996

Kultur a Kuckeswäertes

Theater an Televisioun

  • Thüringer Landestheater Eisenach
  • Theater am Thüringer Haff ("Freies Eisenacher Burgtheater")
  • Familie Dr. Kleist: Televisiounsserie vun der ARD déi 2006 nees an de Programm opgeholl gouf. Si weist d'Liewe vun den Awunner an d'Bauwierker vun Eisenach.

Eisenacher Buergen & Schlässer

Eisenach vun der Wartburg aus gesinn
  • Wartburg (Weltkulturierwen)
  • Metilstein (Ruin)
  • Eisenacher Buerg (Ruin)
  • "Steinhof", mëttelalterlech landgroflech Stadresidenz (verschwonnen, op der Plaz vun der Esplanad)
  • Residenz & Stadschlass zu Sachsen-Weimar-Eisenach
  • Residenzhaus Esplanade
  • Juegdschlass zur hohen Sonne
  • Eichel-Streiber Villa um Pflugensberg (Sëtz vun der Evangeelescher Landeskierch)
  • Schlass Boyneburgk zu Eisenach-Stedtfeld
  • Schlass Fischbach
  • "Eichelsche Rittergut" zu Eisenach-Madelungen
  • Schlass zu Eisenach-Neuenhof (Privatwunnsëtz)

Monumenter a Muséeen

  • Monument fir de Johann Sebastian Bach (28.9.1884), Entwuerf Adolf von Donndorf, ausgefouert vum Hermann Howaldt, Frauenplan 21.
  • Monument vum Wingolfsbund (1899)[1]
  • Monument fir de Martin Luther (4. Mee 1895), Entwuerf Adolf von Donndorf, Karlsplatz.
  • Burschenschaftsdenkmal vun der däitscher Burschenschaft, An der Göpelskuppe 1.
  • Monument fir d'Dokteren, déi an de Weltkricher gefall sinn, Nikolaistr.
  • Carl-Alexander-Monument, Wartburgallee
  • Monument "St. Georg mit Drachen", gëllen, Markt.
  • "Automobile Welt Eisenach" (Automobilmusée) BMW, EMW, Dixi, Wartburg (PKW), Friedr. Naumann Str. 10.
  • Jazzarchiv an der alten Mälzerei, Palmental 1.
  • Bachhaus, Frauenplan 21.
  • Lutherhaus, Lutherplatz 8.
  • Thüringer Musée am Stadschlass, Markt 24.
  • Reuter-Wagner-Musée, Reuterweg 2.
  • Nikolaikierch, Karlspl.
  • Eisenacher Alstad, Flächemonument Eisenacher Südviertel
  • Wanderweeër: Rennsteig, Bergwanderweg Eisenach-Budapest a. a.
  • "Drachenschlucht", "Landgrafenschlucht"
  • fréier WiertschaftGoldener Löwe, Marienstr. 57.
  • Gemeng vu 1596, Markt 2.
  • Georgenkierch (1181), Markt
  • dat schmuelst bewunnt Fachwierkhaus aus ganz Däitschland (2,05m breet) Johannisplatz 9.
  • Theater Eisenach, (1879), Theaterplatz 4.

Sommergewinn

De Sommergewinn zu Eisenach ass e Summerfest, dat meeschtens schonn am Mäerz gefeiert gëtt. D'Fest huet eng joerhonnertelaang Traditioun. Freides a samschdes véier Woche virun Ouschteren gëtt de Sommergewinn mat sougenannten Kommerschabenden ageleet. Den drëtte Samschdeg virun Ouschtere gëtt et als Héichpunkt e festlechen Ëmzuch, deen zanter 1897 zelebréiert gëtt, an all Joer ënner engem aneren Theema steet.

Ekonomie

Zu Zäite vun der DDR war d'Stad de Sëtz vum Automobilwerke Eisenach (AWE), déi den Auto "Wartburg" produzéiert huet. Mä schonn zanter 1898 goufen hei um Fouss vun der Wartburg am Hörseldall Automobiler gebaut. Zanter 1904 gouf den Dixi produzéiert, éier d'Wierk 1928 vu BMW iwwerholl gouf. Wärend dem Zweete Weltkrich, an doriwwer eraus, goufe Motorrieder gebaut. BMW huet ausserdeem tëscht 1937 an 1945 Fluchmotoren hiergestallt. D'Stad ass bis haut vum Maschinnebau gepräägt.

2003 gouf et hei 102 Industriebetriber mat ronn 8000 Mataarbechter. De Schwéierpunkt läit op Betriber aus der Automobil- a Metallindustrie. Mat 133 Industrieaarbechtsplaze pro 1000 Awunner läit Eisenach an enger Spëtzereiderpositioun wäit iwwer dem Bundesduerchschnëtt.75 Prozent vun den Autoen an Autosdeeler vun Thüringe ginn hei produzéiert..

Perséinlechkeeten

Kanner vun der Stad

  • Ernst Abbe, Astronom, Mathematiker, Physiker, Optiker, Entreprener a Sozialreformer
  • Alfred Appelius, leschte President vum Landtag vu Sachsen-Weimar-Eisenach
  • Alexander Kaiser, Museker
  • Wolfgang Arnold, däitsche Moler a Restaurateur
  • Johann Ernst Bach, däitsche Komponist
  • Johann Georg Bach, Jong vum Johann Ernst Bach
  • Johann Nikolaus Bach, däitsche Komponist aus der Bach-Famill
  • Johann Sebastian Bach, däitsche Komponist vum Barock, Organist an Cembalist
  • Sabine Bergmann-Pohl, däitsch Politikerin
  • Ingo Braecklein, Bëschof vun der evangeelescher Landeskierch vun Thüringen
  • Hermann Buddensieg, däitsche Schrëftsteller, Editeur an Iwwersetzer
  • Walter Flex, däitschen Dichter
  • Baron Julius vun Eichel-Streiber, Eisenacher Mäzenat
  • Raimund Gensel, däitsche Schauspiller
  • Johann Wilhelm Hertel, däitsche Komponist
  • Thomas Karsten, Fotograf
  • Gerry Kley, däitsche Politiker
  • Wilhelm Rein, Pedagog
  • Botho Prënz zu Sayn-Wittgenstein-Hohenstein, däitsche Politiker
  • Michael Schindhelm, däitschen Auteur an Theaterintendant
  • Christian Schreiber-Eisenach, Philosoph, Pedagog, Lyriker
  • Felix Schuchard, Eisenacher Moler an Zeechner
  • Heinrich Schwerdt, däitsche Pedagog
  • Helga Solinger, däitsch Politikerin (SPD) (ehem. Ministerin zu Baden-Württemberg)
  • Stephan Just, däitschen Handballnationalspiller
  • Jethro D. Gründer, däitsche Schauspiller, Auteur & Regisseur
  • Hermann Wislicenus, Möler
  • Charlotte von Stein, Haffdame vun der Herzogin Anna Amalie

Um Spaweck

Commons: Eisenach – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Wartburg – Biller, Videoen oder Audiodateien