Don Siegel

US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent

Den Don Siegel, gebuer als Donald Siegel de 26. Oktober 1912 zu Chicago a gestuerwen den 20. Abrëll 1991 zu Nipomo a Kalifornien, war en US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.

Don Siegel
Gebuer26. Oktober 1912
Chicago
Gestuerwen20. Abrëll 1991
DoudesursaachKriibs
NationalitéitUSA
AktivitéitFilmproduzent, Filmregisseur, Schauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet matViveca Lindfors, Doe Avedon
KannerKristoffer Tabori

De Siegel ass 1956 opgefall mat dem Science-Fiction-Horror-Film Invasion of the Body Snatchers deen haut zu de Klassiker vum Genre gehéiert. Aner bedeitend Filmer vum Siegel sinn: The Killers (1964) e Remake vum Robert Siodmak, sengem Film noir mam selwechten Numm aus dem Joer 1948, weider de Filmdrama The Beguiled an de Kriminalfilm Dirty Harry (1971) mam Clint Eastwood an der Haaptroll.

Filmographie

Kino

als Regisseur

Um Spaweck