Departement Ain

franséischt Departement
Ain (01)
RegiounAuvergne-Rhône-Alpes
PrefectureBourg-en-Bresse
ËnnerprefectureBelley
Gex
Nantua
Bevëlkerung515 270 Aw.(1999)
Fläch5 762 km²
Arrondissementer4
Kantonen23
Gemengen410

Den Ain (01) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Floss mat dem selwechten Numm hierhuet. Et gehéiert zur Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Geographie

Den Ain ass am grousse Ganzen a véier grouss natierlech Géigenden agedeelt:

  • Am Nordwesten déi flach Géigend vun der Bresse tëscht dem Dall vum Ain am Osten an dem Dall vun der Saône am Westen déi vu ville Flëss a Baachen duerchzu gëtt wéi d'Reyssouze, d'Veyle, den Avanon an d'Chalaronne fir nëmmen déi wichtegst Niweflëss vun der Saône ze nennen.
  • Am Südwesten den niddrege Moräneplateau vun der Dombes mat den dausend Weieren, mat Ausnam vum Revermont, deen déi éischt Koppe vum Jura uweist.
  • Am Osten de Bugey mat dem Haut-Bugey deen aus Däller, Bierger a Clusë besteet an dee bei de Jura gezielt gëtt, a südlech dervun de Bas-Bugey, eng hiwweleg Géigend déi op de Dall vum Rhône opgeet.
  • Am Nordoste läit de Pays de Gex de sech laanscht d'Schwäizer Grenz eropzitt.

Den héchste Bierg vum Jura a vum Departement ass de Crêt de la Neige mat 1.720 m. Aner bekannt Koppe sinn de Col de la Faucille an de Grand Colombier. Am Dall vum Rhône war de Fort de l'Écluse ëmmer eng wichteg strateegesch Plaz.

Geschicht

D'Departement Ain ass eent vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. E gouf zesummegesat aus de véier Provënzen, Bresse, Bugey, Dombes, Pays de Gex, an aus engem Deel vun der Provënz Franc-Lyonnais.

De Pays de Gex gouf eng Zäitchen ofgetrennt an zwar vu 1798 bis 1814, wéi den Département du Léman gegrënnt gouf.

Sechs Gemengen am Südweste vum Departement, déi un de Stadrand vu Lyon gestouss hunn, goufen 1967 bei der Grënnung vun der Communauté urbaine de Lyon un de Rhône ugeschloss.

Landwirtschaft

Obschonn d'landwirtschaftlech Aktivitéiten net méi d'Iwwerhand hunn, fënnt en do awer nach gutt a bekannt Produkter. Sou fënnt een an der Zuucht d'Volaille de Bresse, bei de Mëllechprodukter d'Kéiszorte wéi de Bleu de Gex, de Bleu de Bresse, de Ramequin an de Comté.

Am Wäibau sinn et d'Wéngerten aus dem Bugey an an der Dombes an an der Bresse gëtt vill Fruucht ugebaut.

Industrie

Am Ain fënnt en haaptsächlech Mëttelindustrie mat Spezialgebidder wéi Autosbau an zu Oyonnax d'Plasturgie.

Aner Aktivitéiten

Bourg-en-Bresse ass eng Administratiounsstad an de Sëtz vun enger Universitéit déi vun där vu Lyon ofhänkt.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ain – Biller, Videoen oder Audiodateien