Cygnus (Stärebild)

Stärebild

De Schwan (Latäin Cygnus) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild
Lëtzebuergeschen NummSchwan
Laténgeschen NummCygnus
Laténgesche GeenitivCygni
Laténgesch OfkierzungCyg
Rektaszensioun19h 07m bis 22h 03m
Deklinatioun+61°20´ bis +27°45´
Fläch804 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden90° Nord bis 29° Süd
Beobachtungszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Stäre mat der
Gréisst < 3m
5
Hellste Stär,
Gréisst
Deneb (α Cygni)
1,25m
Meteorstréim Kappa-Cygniden
Noperstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Cepheus
Draco
Lyra
Vulpecula
Sagitta
Pegasus
Lacerta
Stärebild Cygnus

Beschreiwung

De Cygnus ass en opfällegt Stärebild um Summer- an Hierschthimmel.

Déi hellst Stäre forméieren e markant Kräiz um Himmel. Doduerch gëtt dat Stärebild och heiansdo nërdlecht Kräiz, als Géigestéck zum Kräiz vum Süden genannt.

D'Stärebild soll e Schwan, dee flitt, duerstellen. Den hellste Stär α Cygni (Deneb) soll de Schwanz symboliséieren, an d'Stäre η an β (Albireo) de laangen, am Fluch virgestreckten Hals bilden. Am zentrale Stär γ Cygni setzen déi geschwonge Flilleken un.

Den Deneb, souwéi d'Stären Vega an der Lyra an den Altair am Aquila symboliséieren de Summerdräieck.

Duerch d'Stärebild Cygni zitt sech dat hellt Band vun der Mëllechstrooss. Dat mécht d'Stärebild interessant, well do vill verschiddenaarteg Stären an niwweleg Objete sinn.

Am Schwan ass och déi zweetstäerkst kosmesch Radioquell um Himmel. D'Radiosstralung geet vun enger aktiver Galaxie aus, déi den Numm Cygnus A huet. D'Galaxie ass 650 Millioune Liichtjoer vun eis ewech a gëtt eréischt duerch laangbeliichten Teleskopfotoen optesch siichtbar gemaach.

Doriwwer eraus ass sech am "Schwan" déi kosmesch Röntgenquell Cygnus X1. D'Röntgenstralung geet vun engem 8.200 Liichtjoer wäitem Duebelstär fort. Den Haaptstär gëtt vun engem masseräichen, ganz klengem Stär begleet, dee sech warscheinlech an e Schwaaarzt Lach verwandelt huet. Gas stréimt aus dem Haaptstäremantel mat héijer Vitess op de Begleetstär iwwer, wobäi duerch d'Reiwung extreem héich Temperaturen optrieden a Röntgenstrale fräigesat ginn.

Geschicht

De "Schwan" gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Um Stär 61 Cygni ass et dem Astronom Friedrich Wilhelm Bessel am Joer 1838 fir d'éischt gelongen, eng genee Distanzmiessung unhand vun der Parallax ze maachen. Mat nëmmen 11,4 Liichtjoer Distanz ass den 61 Cygni ee vun den noosten Nopere vun eiser Sonn.

Meteorstréim

All Joer vum 3. bis de 25. August kënnen d'Kappa-Cygniden observéiert ginn, deem säi Radiant beim Stär κ Cygni läit.

Himmelsobjeten

BFNumm o. aner BezeechnungenGréisstLjSpektralklass
α50Deneb, Deneb el Adige, Arieded, Gallina1,25m3200A2 Ia
γ37Sadr, schedir2,23m750F8
ε53Gienah2,48m72K0 III
β6Albireo, Al Minhar al Dajajah2,9m385K2 + B9 V
δ182,86m150B9 + F1
34P Cygni3,0 bis 6,0m5000B2 Ia
ζ643,21m200G8 III
χChi Cygni3,62 bis 15,0m345K0 III
ξ623,72m1000K5 Ib
τ653,74m70F1 IV
ι103,76m100A5 V
κ13,80m150K0 III
ο1313,80m500K2 + B6
η213,89m200K0 III
ν583,94m150A0 V
ο2323,96m1000K3 ib
ρ733,98m200G8 III
414,01m500F5 II
σ674,22m5000B9 Ia
524,22m200K0 III
π2814,23m
334,28m
υ664,41m
394,43m
θ134,49m60F4 V
μ1784,49m
λ544,53m600B5 + B7
f2634,56m
474,61m
φ124,68m
π180Azelfafage4,69m
574,80m
6161 Cygni4,8m11,4K5 + K7
554,81m
724,87m
154,89m
ψ244,91m200A3 + F4
b2284,93m
b3294,93m120A2 + K0
ω145Ruchbah4,94m
224,95m
24,99m
175,00m
d175,03m
A685,04m
745,04m
e265,06m
565,06m
755,09m
ω2465,1m500M2 + A0
235,14m
255,15m
45,17m
195,18m
g715,22m
c165,3m150G2 + G4
705,30m
b1275,38m
605,38m
515,41m
495,53m
365,58m
405,63m
795,69m
75,73m
735,73m
775,73m
425,90m
695,93m
116,03m
486,32m

De Stär Deneb (α Cygni) ass mat enger visueller Magnitude vun 1,25m opfälleg hell. Seng Distanz ass net genee bekannt; an der Literatur gëtt eng Distanz vun 1.600 bis 3.200 Liichtjoer uginn. Et handelt sech ëm en extreem liichtstaarken, blowäisse Stär vun der Spektralklass A2 mat der 60.000 bis 250.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Den Numm Deneb ass eng Verkierzung vum arabeschen Numm ḏanab al-daǧāǧa „Schwanz vum Hong“.

Den ε Cygni Gienah (aus arab. ǧanāḥ "Wann") ass mat 72 Liichtjoer Distanz méi no. Et ass e giele Stär vun der Spektralklass K0.

SystemGréisstOfstand
γ2,3m/9,5m142"
β3,1m/5,1m34,5"
δ2,9m/6,3m2,5"
ο13,8m/7,0m107"
λ4,9m/6,1m0,9"
ψ4,9m/7,4m3,2"
η4,8m/6,1m1,1"
295,0m/6,6m212"
615,6m/6,9m30"
ω25,4m/6,6m256"
795,6m/6,9m150"
165,99m/6,2m39,6"

Den zweethellste Stär, γ Cygni mam Numm Sadr (verkierzt aus dem arab. ṣadr al-daǧāǧa „Héngerbroscht“) ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vu 750 Liichtjoer. Nieft dem hellen Haaptstär befënt sech an engem wäite Wénkelofstand vun 142 Bousekonnen e liichtschwaache Begleeder vun nëmmen 9,5m. Fir eng Observatioun geet e klengt Teleskop mat enger 6 cm Ëffnung duer.

D'System β Cygni (Albireo) wat op enger Distanz vun 385 Liichtjoer läit ass e ganzt schéint Observatiounszil. Scho mat engem klengen Teleskop kann een d'System an Eenzelstären opléisen, wobäi déi zwéi Stären en däitleche Fuarwekontrast opweisen. D'System besteet aus engem orangeroude Risestär vun der Spektralklass K3 an engem bloe Begleeder vun der Spektralklass B9.

Den haitegen Numm Albireo geet op en Iweerdroungsfeeler zeréck. De fréieren arabeschen Numm war al-minkhar al-daǧāǧa "de Schniewel vum Hong".

D'System δ Cygni läit op enger Distanz vun 150 Liichtjoer. Well déi zwéi Stäre vun der Äerd aus gesinn nëmmen en Ofstand vun 2,5 Bousekonnen hunn, brauch e fir d'Observatioun onbedéngt en Teleskop.

Den ο1 Cygni ass 500 Liichtjoer ewech. Scho mat engem klengen Teleskop erkennt een e gielen Haaptstär an e liichtschwaache bloe Begleeder.

D'System 61 Cygni besteet aus zwéi giele Stären op enger Distanz vun 11,4 Liichtjoer.

Verännerlech Stären

StärGréisstPeriodTyp
χ3,3 bis 14,2m407 DeegMira-Stär
P3,0 bis 6,0monreegelméissegonreegelméisseg Verännerlechen
W5,4 bis 6,2mongeféier 126 Deeghallefreegelméisseg Verännerlechen

De χ Cygni (Distanz zur Äerd 345 Liichtjoer) ass e verännerleche Stär vum Typ Mira. Stäre vun dësem Typ hu staark Hellegkeetsschwankungen. Am Maximum huet de χ Cygni eng Hellegkeet vun 3,3m an ass mat bloussem A däitlech ze gesinn. Am Minimum fält seng Hellegkeet op 14,2m erof. Fir en dann z'observéiere brauch e scho méi e groussen Teleskop. D'Hellegkeetsschwankungen hunn eng Period vu 407 Deeg. De χ Cygni liicht giel-orange a gehéiert zu der Spektralklass K0.

De P Cygni (och 34 Cygni bezeechent), ännert seng Hellegkeet ouni erkennbar Reegelméissegkeet tëscht 3,0 a 6,0m. De Stär ass 5.000 Liichtjoer ewech a gehéiert zu der Spektralklass B2. Hien huet op senger Uewerfläch eng extreem héich Temperatur vun 19.000 Kelvin a liicht mat der 700.000facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De W Cygni ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär deem seng Hellegkeet an engem Rhythmus vu ronn 126 Deeg tëscht 5,4 a 6,2m schwankt. De roudelzege Stär ass 500 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass M5.

Messier- an NGC-Objeten

Messier (M)NGCdiversesGréisstTypNumm
2969166,5mOppene Stärekoup
3970925mOppene Stärekoup
68269mPlanetareschen Niwwel
68347,8mOppene Stärekoup
69609mGasniwwelCirrusniwwel
6992/57,5mGasniwwelCirrusniwwel
70005mGasniwwelNordamerikaniwwel
70278,5mPlanetareschen Niwwel
IC 50677,5mGasniwwelPelikanniwwel

Duerch d'Mëllechstrooss, déi duerch Stärebild Schwan zitt, ass dëst Stärebild interessant.

Zwéin Oppe Stärekéip huet de franséischen Astronom a Koméitenjeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten, de Messier-Katalog, opgeholl.

Den oppene Stärekoup M 29 kreest op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer a steet méi déif wéi den helle Stär γ Cygni a ka liicht fonnt ginn. Am klengen Teleskop kann een eng Grupp vun 20 bis 30 Eenzelstäre gesinn.

De M 39 ass ronn 1.000 Liichtjoer vun eis ewech. Am Teleskop gesäit een eng Usammlung vun 10 bis 15 Stären.

3.000 Liichtjoer ewech ass de Planetareschen Niwwel NGC 6826. Hie gouf 1773 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Et handelt sech dobäi ëm d'Iwwerreschter vun engem Stär, dee säi baussenzege Gasmantel ofgestouss huet. Am Teleskop gesäit een e ronnen niwwelege Fleck, an deem den Zentralstär, e Wäissen Zwerg mat der Hellegkeet 10,6 m agebett ass.

D'Objeten NGC 6960, NGC 6992 an NGC 6995 stinn op enger Distanz vu 1.500 Liichtjoer vun eiser Äerd. Si ginn als Cirrusniwwel bezeechent, well se un Cirruswolleken erënneren. Et handelt sech ëm d'Iwwerreschter vu Supernovaen, déi virun ronn 50.000 Joer explodéiert sinn. Dobäi goufe gigantesch Gaswolleken ofgestouss, déi sech ëmmer nach ausbreeden. Mat engem Teleskop ginn interessant Strukturen a Filamenter siichtbar. Am beschte gebraucht ee fir d'Observatioun en Interferenzfilter, wéi en UHC-Filter oder en OIII-Filter.

E weidere Gasniwwel den NGC 7000, och nach Nordamerikaniwwel genannt, ass 4.000 Liichtjoer ewech. Säin Numm geet op seng Form zeréck, déi ausgesäit, wéi eng Landkaart vun Nordamerika. Den Niwwel steet westlech vum helle Stär Deneb. E ka mat enger Spektiv observéiert ginn.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Cygnus (Stärebild) – Biller, Videoen oder Audiodateien