Commissariat aux assurances

De Commissariat aux assurances (gekierzt CAA), de fréiere Service de contrôle des assurances, ass zu Lëtzebuerg d'Organ dat op legaler Basis mat der Assurancenopsiicht chargéiert ass[1].

Commissariat aux assurances
TypËffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum06.12.1991
Sëtz7, Boulevard Joseph II
L-1840 Lëtzebuerg
LeedungThierry Flamand (President CA)
Homepagewww.caa.lu

Aufgaben

Zu den Aufgabe vum CAA gehéieren ë. a. d'Demande vu Persounen ze préiwen, déi sech zu Lëtzebuerg am Assurancëwiesen néierloosse wëllen an am allgemengen de Secteur vun den Assurancen, de Reassurancen an den Assurance-Agenten ze iwwerwaachen.

Organisatioun

De Conseil vum Commissariat besteet aus fënnef Memberen déi vum Regierungsrot genannt ginn. Dräi Membere gi vum zoustännege Ministère proposéiert, ee representéiert den Assurancësecteur an een d'Assuréen.

Den Direkter vum Commissariat ass och automatesch President vum Conseil[2].

Commissariat aux assurances
PeriodDirekter
31.11.1995-31.12.2014Victor Rod
01.01.2015-01.01.2021Claude Wirion
Zanter dem 01.01.2021Thierry Flamand[3],[4]


Literatur

  • François Biltgen, Ernest Mühlen: La loi du 6 décembre 1991 sur le secteur des assurances: consolidation et perspectives de la place des assurances et réassurances, Collection Réalités et Perspectives, n°3-1992, Banque générale du Luxembourg, Luxembourg, 59 p.
  • Claude Wirion, Les assurances: une vocation internationale; in: STATEC (ënner der Direktioun vum Robert Weides), L'économie luxembourgeoise au 20e siècle; Lëtzebuerg (Éditions Le Phare, Editpress S.A.), [Dezember] 1999; Ss. 395-401.

Um Spaweck

Referenzen an Notten