Columbia (Raumfär)

D'Raumfär Columbia war den éischte Space Shuttle vun der NASA, dee méi dacks benotzt konnt ginn. Am Mäerz 1979 gouf de Shuttle fäerdeggestallt. Den 12. Abrëll 1981 war de Start vum STS-1 fir den éischte Fluch vun engem Spaceshuttle. Déi intern Bezeechnung war OV-102, woubäi OV fir Orbiter Vehicle steet. D'Columbia war den 1. Februar 2003 bei hirem 28. Weltraumasaz (Missioun STS-107) beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär auseneegebrach. Déi siwe Crewmembere koumen dobäi all ëm d'Liewen.

D'Columbia virun hirem éischte Fluch den 12. Abrëll 1981
D'Landung vun der Columbia op der Edwards Air Force Base no der Missioun STS-1
D'Columbia gëtt op engem spezielle Kettegefier op d'Startramp vum Kennedy Space Center gefouert (Mäerz 1998)

D'Raumfär gouf – wéi d'Entdeckerschëff vum amerikanesche Séifuerer Robert Gray an d'Kommandokapsel vun Apollo 11 – no der poetescher Bezeechnung vun Nordamerika aus dem 18. Joerhonnert genannt. D'Columbia war ausserdeem déi weiblech Personifizéierung vun den USA.

Geschicht

Den 12. Abrëll 1981 huet d'Columbia mam Fluch STS-1 den éischten Asaz vun engem Space Shuttle am Weltraum ënner dem Kommando vum John Young absolvéiert. Et war déi éischt Kéier an der Geschicht vun der NASA, datt en neit Raumschëff ouni onbemannt Tester gestart gouf. Ofgesi vu Schied un den Hëtzschutzplättercher war den éischte Fluch vum Space Shuttle reiwungslos ofgelaf.

Déi nächst véier Space-Shuttle-Flich goufen och mat der Columbia gemaach. Zu de spéidere Missiounen hunn ënner anerem déi drëtt Hubble-Servicing Mission STS-109 souwéi déi däitsch D2-Missioun mam Spacelab gehéiert. Well si wéinst hirer schwéierer Bauweis eppes manner Notzlaascht konnt droen an net mat engem Undockadapter fir d'International Raumstatioun ausgerëscht war, gouf si zu lescht virun allem fir déi Missioune benotzt, bei deenen d'ISS net ugeflu gouf.

  Haaptartikel zu dësem Theema: STS-107 


D'Columbia war um Réckwee vun hirer 28. Missioun (STS-107) op de Kennedy Space Center, der US-Weltraumgare, wou si den 1. Februar 2003 géint 8:59 Auer Uertszäit (14:59 Auer MEZ) an zirka 63,13 km Héicht iwwer Texas bei enger Vitess vun ongeféier Mach 18,3 respektiv 20117 km/h auseneegebrach ass. D'Ursaach war eng Iwwerhëtzung bannen an den Drofläche bis zum Schmëlze vum Material, wéinst engem Lach am Hëtzschëld, dat duerch en ofgerappte Schaumstoffdeel beim Start entstane war. Bei dësem Accident hunn déi siwe Crewmemberen all hiert Liewe verluer.

D'Columbia ass no der Challenger déi zweet NASA-Raumfähr, déi wärend enger Missioun total beschiedegt gouf. Och bei der Challenger-Katastroph war d'Crew gestuerwen.

Missiounen

Nr.StartBezeechnungEmblemCrew
112. Abrëll 1981STS-1 John Young, Robert Crippen
212. November 1981STS-2 Joe Engle, Richard Truly
322. Mäerz 1982STS-3 Jack Lousma, Gordon Fullerton
427. Juni 1982STS-4 Thomas Mattingly, Henry Hartsfield
511. November 1982STS-5 Vance Brand, Robert Overmyer, Joseph Allan, William Lenoir
628. November 1983STS-9 John Young, Brewster Shaw, Owen Garriott, Robert Parker, Byron Lichtenberg, Ulf Merbold
712. Januar 1986STS-61-C Robert Gibson, Charles Bolden, Franklin Chang-Diaz, Steven Hawley, George Nelson, Robert Cenker, William Nelson
88. August 1989STS-28 Brewster Shaw, Richard Richards, James Adamson, David Leestma, Mark Brown
99. Januar 1990STS-32 Daniel Brandenstein, James Wetherbee, Bonnie Dunbar, David Low, Marsha Ivins
102. Dezember 1990STS-35 Vance Brand, Guy Gardner, Jeffrey Hoffman, John Lounge, Robert Parker, Samuel Durrance, Ronald Parise
115. Juni 1991STS-40 Bryan O'Connor, Sidney Gutierrez, James Bagian, Tamara Jernigan, Rhea Seddon, Drew Gaffney, Millie Hughes-Fulford
1225. Juni 1992STS-50 Richard Richards, Kenneth Bowersox, Bonnie Dunbar, Ellen Baker, Carl Meade, Lawrence DeLucas, Eugene Trinh
1322. Oktober 1992STS-52 James Wetherbee, Michael Baker, Charles Veach, William Shepherd, Tamara Jernigan, Steven MacLean
1426. Abrëll 1993STS-55 Steven Nagel, Terence Henricks, Jerry Ross, Charles Precourt, Bernard Harris, Ulrich Walter, Hans Schlegel
1518. Oktober 1993STS-58 John Blaha, Richard Searfoss, Rhea Seddon, William S. McArthur, David Wolf, Shannon Lucid, Martin Fettman
164. Mäerz 1994STS-62 John Casper, Andrew Allen, Pierre Thuot, Charles Gemar, Marsha Ivins
178. Juli 1994STS-65 Robert Cabana, James Halsell, Richard Hieb, Carl Walz, Leroy Chiao, Donald Thomas, Chiaki Mukai
1820. Oktober 1995STS-73 Kenneth Bowersox, Kent Rominger, Kathryn Thornton, Catherine Coleman, Michael López-Alegría, Fred Leslie, Albert Sacco
1922. Februar 1996STS-75 Andrew Allen, Scott Horowitz, Franklin Chang-Diaz, Maurizio Cheli, Jeffrey Hoffman, Claude Nicollier, Umberto Guidoni
2020. Juni 1996STS-78 Terence Henricks, Kevin Kreegel, Susan Helms, Richard Linnehan, Charles Brady, Jean-Jacques Favier, Robert Thirsk
2119. November 1996STS-80 Kenneth Cockrell, Kent Rominger, Tamara Jernigan, Thomas Jones, Story Musgrave
224. Abrëll 1997STS-83 James Halsell, Susan Still-Kilrain, Janice Voss, Donald Thomas, Michael Gernhardt, Roger Crouch, Gregory Linteris
231. Juli 1997STS-94 James Halsell, Susan Still-Kilrain, Janice Voss, Donald Thomas, Michael Gernhardt, Roger Crouch, Gregory Linteris
2419. November 1997STS-87 Kevin Kreegel, Steven Lindsey, Winston Scott, Kalpana Chawla, Takao Doi, Leonid Kadenjuk
2513. Abrëll 1998STS-90 Richard Searfoss, Scott Altman, Richard Linnehan, Dafydd Williams, Kathryn Hire, Jay Buckey, James Pawelczyk
2623. Juli 1999STS-93 Eileen Collins, Jeffrey Ashby, Steven Hawley, Catherine Coleman, Michel Tognini
271. Mäerz 2002STS-109 Scott Altman, Duane Carey, John Grunsfeld, Nancy Currie, James Newman, Richard Linnehan, Michael Massimino
2816. Januar 2003STS-107 Rick Husband, William McCool, Michael Anderson, Kalpana Chawla, David Brown, Laurel Clark, Ilan Ramon

Kuckt och

Portal Astronomie

  • Geschicht vun der Raumfaart

Um Spaweck

Commons: Raumfähr Columbia – Biller, Videoen oder Audiodateien