Carnival Cruise Lines

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Carnival Cruise Lines Inc. (CCL) ass d'Grënnungsgesellschaft an déi gréisst vun den haut zwielef Croisièresgesellschafte vun der Carnival Corporation & plc mat Gesellschaftssëtz zu Miami.

Geschicht

Den Ted Arison, dee virdru Partner vum Knut Kloster a senger Norwegian Cruise Line war, huet 1972 d'Carnival Cruise Lines gegrënnt, fir unzefänke mat engem eenzele Schëff, der Mardi Gras (virdrun Empress of Canada), déi scho bei hirer éischter Rees op Gond gelaf war, mä du reparéiert konnt ginn. Den Numm „Mardi Gras on the Rocks“ krut och e Coctail, dee lang op de Carnival-Schëffer zerwéiert gouf.

Dëse Réckschlag huet awer net verhënnert datt dës Gesellschaft Erfolleg no Erfolleg buche konnt. 1984 huet Carnival mat enger Publicitéitscampagne, déi 10 Mio. USD kascht huet, an der Televisioun opgetrompt. Dräi Joer méi spéit huet se hir Aktien um fräie Maart ugebueden. Carnival huet, am Kader vum Ausbau vun hiren Aktivitéiten, ëm 1988, d'Holland-America Line mat der Windstar Cruises fir 900 Mio. USD iwwerholl. 1991 huet se zousätzlech nach d'Seabourn Cruise Line AS abezunn.

Vun 1994 un gouf den Numm Carnival Cruise Lines dunn nëmme fir d'Bezeechnung vun der Grënnungsgesellschaft benotzt. D'Haaptorganisatioun fir si an all déi zousätzlech incorporéiert Croisièresgesellschaften ass dunn ënner dem Numm Carnival Corporation gefouert ginn.

Ënner dem Numm Carnival Destiny ass 1996 dat éischt Passagéierschëff vu méi wéi 100.000 BRT agesat ginn, e Schëff, dat méi grouss war wéi d'RMS Queen Elizabeth, déi vun 1940 un de Rekord als gréisst Passagéierschëff gehalen huet.

1998 huet d'Carnival Corporation dunn och nach déi italieenesch Costa Crociere S. p. A., eng féierend europäesch Croisières-Linn, an och nach d'Cunard Line opkaaft. 2002 koum dunn nach d'P & O-Princess Cruises Ltd dobäi. An der Transaktioun waren d'Gesellschafte P & O Cruises, Princess Cruises, P & O Holiday, Swan Hellenic an déi däitsch P & O-Duechter AIDA Cruises enthalen.

Lëscht vun de Croisièresschëffer

JahrNameTonnageWerftStatus/Wat aus em ginn ass
1972 (1961)Mardi Gras18.261 BRTVickers-Armstrong Ltd., Barrows1961 ex Empress of Canada, CP / 1972 an CCL / 1993 verkaaft
1975 (1956)Carnivale18.952 BRTFairfield S. B. & Eng. Co. Ltd., Glasgow1956 ex Empress of Britain, CP / 1975 an CCL / 1994 verkaaft
1977 (1962)Festivale26.632 BRTJohn Brown & Co. Ltd., Clydebank1962 ex Transvaal Castle, Union-Castle / 1977 un CCL / 1994 verkaaft
1981Tropicale22.919 BRTAalborg Vaerft AS, Aalborg2000 u Costa iwwerdro an a Costa Tropicale ëmbenannt.
1985Holiday46.052 BRTAalborg Vaerft AS, AalborgAm Déngscht
1986Jubilee47.262 BRTKockums AB, Malmö2004 u P & O Holiday iwwerdro an a Pacific Sun ëmgedeeft
1987Celebration47.262 BRTKockums AB, MalmöAm Déngscht
1990Fantasy70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1991Ecstasy70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1993Sensation70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1994Fascination70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1995Imagination70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1996Inspiration70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1998Elation70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1998Paradise70.390 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
1996Carnival Destiny101.509 BRTFincantieri S.p.A., MonfalconeAm Déngscht
1999Carnival Triumph101.509 BRTFincantieri S.p.A., MonfalconeAm Déngscht
2000Carnival Victory101.509 BRTFincantieri S.p.A., MonfalconeAm Déngscht
2001Carnival Spirit85.920 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
2002Carnival Pride85.920 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
2003Carnival Legend85.920 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
2003Carnival Miracle85.920 BRTKvaerner-Masa-Yards AB, TurkuAm Déngscht
2002Carnival Conquest110.239 BRTFincantieri S. p. A., MonfalconeIn Dienst
2003Carnival Glory110.239 BRTFincantieri S. p. A., MonfalconeAm Déngscht
2004Carnival Valor110.239 BRTFincantieri S. p. A., MonfalconeAm Déngscht
2005Carnival Liberty110.239 BRTFincantieri S. p. A., MonfalconeAm Déngscht
2007Carnival Freedom110.239 BRTFincantieri S. p. A., MonfalconeAm Déngscht
2007Blu Carnival110.239 BRTFincantieri S. p. A., MonfalconeAm Déngscht

Quellen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Schëffer vun de Carnival Cruise Lines – Biller, Videoen oder Audiodateien