Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz

Streck vun der Lëtzebuerger Eisebunn
(Virugeleet vu(n) CFL-Linn 5)

D'Linn 5 vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL, féiert vu Lëtzebuerg op Klengbetten, a vun do weider op d'belsch Grenz wou se Uschloss un dat belscht Eisebunnsnetz huet, iwwer d'Infrabel-Linn 162 Arel - Namur.

Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz
Kaart vun der Linn 5
Linnennummer5
BesëtzerLëtzebuerg
BedreiwerCFL
vu(n)Gare Lëtzebuerg
opKlengbetten Grenz
iwwerGare Hollerech, Gare Bartreng-Stroossen, Gare Mamer Lycée, Gare Mamer, Gare Capellen, Gare Klengbetten
opgaangen15. September 1859
Technesch Donnéeën
Längt18,8 km
Gréisst Steigung5 ‰
Klengste Radius190 m
SpuerbreetNormalspuer
Fuerrichtunglénks
Vitesslimitatioun130 km/h, 60 km/h
ZuchsécherungssystemEuropean Train Control System
Streck
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnellen - Barriären
PK
Gare Lëtzebuerg-
Lëtzebuerg-Triage
Hollerech1,4
A4
A6
Ofzweigung Q8
Ofzweigung Shell
Bartreng-Stroossen6,2
Mamer-Lycée8,7
Mamer9,8
A6
Ofzweigung NAMSA
Capellen13,0
Ofzweigung Klengbettener Millen
Atertlinn
Klengbetten17,9
Klengbetten Grenz18,8

D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.

Linn

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz gëtt als Linn 5 bezeechent; am kommerzielle Passagéierverkéier ass se als Linn 50 bekannt[1].

Déi zweegleiseg banaliséiert Streck ass 18,77 km laang. D'Linn 5 ass signaltechnesch gesinn déi modernst Streck vun der CFL; si huet déi neist Stellwierkstechnik, souwéi modern Baussenanlagen (Signalschiermer mat LEDen, Achsenzieleren, digital gesteiert Weichenundriffer, asw.)

Geschicht

De Startschoss fir d'Streck ze bauen ass am Mäerz 1858 gefall, wéi d'Vertrieder vum Wëllem sech bei Sterpenich mat deene vum belsche Grand Luxembourg getraff hunn, fir d'Plaz festzehale wou déi zwou Strecke sech treffe sollten. De Kontrakt fir d'Streck ze baue gouf am Mee vum selwechte Joer mat de Bridder Waring ënnerschriwwen. De 15. September 1859 konnt d'Streck a Betrib goen, an déi feierlech Aweiung war de 4. Oktober. Am Ufank war d'Streck eegleiseg mat Passéiergleiser zu Bartreng, Mamer a Klengbetten.

Mëtt der 1950er Jore gouf d'Streck grad wéi déi Belsch Linn 162 elektrifizéiert, an den éischten elektreschen Zuch ass den 28. September 1956 gefuer. Et war bis September 2018 déi eenzeg Streck zu Lëtzebuerg déi mat 3000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert war. Zanterhier ass se wéi déi aner Strecken zu Lëtzebuerg mat 25.000 Volt 50 Hz Wiesselstroum elektrifizéiert. D'Linn 5 war och déi lescht Streck déi mam ETCS ekipéiert gouf.


CFL-Uschlëss op der Streck:

Aner Uschlëss:

Iwwer d'Streck fueren den InterCity J an d'Regionalzich vum CFL.

Biller

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten