Bouneweg-Süd

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

Bouneweg-Süd ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Südoste vun der Haaptstad. Zesumme mam Nopeschquartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht billt en d'Uertschaft Bouneweg.

Bouneweg-Süd
Iwwerreschter vun enger réimescher Villa zu Bouneweg
An anere Sproochenfr: Bonnevoie-sud
de: Bonneweg-Süd
LandLëtzebuerg
KantonLëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
BuergermeeschterLydie Polfer (DP)
Awunner13.550
 31.12.2022
Fläch239,01 ha
Héicht315,7 m
Koordinaten49° 35’ 49.1’’ N
      06° 08’ 34.6’’ O

Geographie

Bouneweg-Süd grenzt am Norden un de Quartier Bouneweg-Nord/Verluerekascht an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Polvermillen, Hamm, d'Gemeng Hesper, Gaasperech an d'Gare. Am Norde mécht d'Uelzecht d'Grenz mam Nopeschquartier Hamm.

De Quartier läit op enger Héicht tëscht 250,0 an 302,60 m[1].

Awunner

2001 hunn am Quartier Bouneweg-Süd 10.596 Leit gelieft.

Op den 31.12.2022 waren et der 13.550, wouvun 31,99 % Lëtzebuerger waren an 68,01 % Auslänner[2]. Et ass domat de Quartier mat de meeschten awunner.

Awunner no Nationalitéit (31.12.2022)
RangNationalitéitAwunnerProzent
TOTAL13 550100,00
01 Lëtzebuerg4 33531,99
02 Portugal2 25316,63
03 Frankräich2 08015,35
04 Italien1 0727,91
05 Spuenien4253,14
06 Belsch3472,56
07 Däitschland2962,18
08 Rumänien2151,59
09 Griicheland1371,01
10 Indien1300,96
Top 1011 29083,32
Aner Nationalitéiten2 26016,68

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Bouneweg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten