Boeing 737

D'Boeing 737 ass de meeschtgebauten ziville Passagéierfliger. E gëtt vum US-amerikanesche Fligerbauer Boeing mëttlerweil an der drëtter Generatioun produzéiert.

Boeing 737-700 vun Air Berlin am Design vu Boeing

Geschicht

Wéi sech an de 60er Joren en neie Maart vu klenge Kuerzstreckefligeren opgedoen huet, huet Boeing mat dem Entwécklungsprogramm vun der 737 den 19. Februar 1965 ugefaangen, allerdéngs nom éischte Fluch vun de Konkurrente BAC 1-11 an Douglas DC-9. Fir de Réckstand opzehuelen huet Boeing vill Technik aus hire Modeller B707 a B727 benotzt.

Déi éischt Boeing 737, eng 737-100, hat hiren éischte Fluch den 9. Abrëll 1967 a gouf ee Joer méi spéit un déi däitsch Fluchgesellschaft Lufthansa ausgeliwwert.

An den 80er Jore gouf d'737 fir d'éischt Kéier nennenswäert geännert. Sou goufe méi effizient Turbinnen agebaut an d'Kabinn an de Cockpit goufe moderniséiert. Déi éischt 737-300 huet 1984 hiren Déngscht opgeholl.

Mam Airbus A320 krut Boeing dunn een neie Konkurrent, deen ee gutt Stéck méi modern an effizient ass. Dëst huet zu der Entwécklung vun der 737-X gefouert, déi spéider "Next Generation" genannt gouf.

Boeing plangt fir fréistens 2015 en Nofollger vun der 737 op de Maart ze bréngen.

Versiounen

Boeing 737-800
  • 737-100: Standardversioun
  • 737-200: verlängert Versioun vun der 737-100
  • 737-300: néit Basismodell vun der 737-Famill
  • 737-400: verlängert Versioun vun der 737-300 an Nofollger vun der Boeing 727
  • 737-500: Nofollger vun der 737-200
  • 737-600: Nofollger vun der 737-500
  • 737-700: éischt Versioun vu 737 "Next Generation"
  • 737-800: erfollegräichsten "New Generation"-Modell mat iwwer 3000 Bestellungen an iwwer 1600 Ausliwwerungen
  • 737-900: gréisste Boeing 737 fir bis zu 215 Passagéier an der ER Versioun

Technesch Daten

Kenngréisst737-100737-200737-300737-400737-500
Längt:28,65 m30,53 m33,40 m36,40 m31,01 m
Spannwäit:28,35 m28,88 m
Rumpfduerchmiesser:3,76 m
Passagéier:85-9996-133123-149146-162103-122
Max. Startgewiicht:49.940 kg58.100 kg61.250 kg62.820 kg52.400 kg
Reesgeschwindegkeet:917 km/h907 km/h
Minimalgeschwindegkeet:175 km/h
Fluchräichwäit bis zirka:3.440 km4.200 km4.400 km5.000 km5.200 km
Éischte Fluch:9. Abr. 19678. Aug. 196724. Feb. 198419. Feb. 198830. Jun. 1989
Andéngschtstellung:10. Feb. 1968 Lufthansa28. Apr. 1968 United Airlines28. Nov. 1984 US Airways15. Sep. 1988 Piedmont Airlines28. Feb. 1990 Southwest Airlines
Turbinnen:Zwou Pratt & Whitney JT8DZwou CFM International CFM56

737 Next Generation (Nei Baurei)

Kenngréisst737-600737-700737-800737-900737-900ER (extended range)
Längt:31,24 m33,63 m39,47 m42,11 m
Spannwäit:34,30 m
Rumpfduerchmiesser:3,76 m
Passagéier:110-132126-149162-189175-189180-215
Max. Startgewiicht:65.150 kg69.400 kg79.010 kg79.016 kg83.627 kg
Reesgeschwindegkeet:852 km/h
Minimalgeschwindegkeet:330 km/h
Fluchräichwäit:4.000 bis 7.200 km3.980 bis 7.630 km3.790 bis 6.650 km3.630 bis 6.660 km3.500 bis 6.500 km
Éischte Fluch:22. Jan. 19989. Feb. 199731. Jul. 19973. Aug. 20001. Sep. 2006
AndéngschtstellungAug. 1998 SASOkt. 1997 Southwest Airlines24. Abr. 1998 Hapag Lloyd15. Mee 2001 Alaska Airlines27. Abr. 2007 Lion Air
Turbinnen:Zwou CFM International CFM56

Um Spaweck

Commons: Boeing 737 – Biller, Videoen oder Audiodateien