Berviller-en-Moselle

Berviller-en-Moselle ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.Den Uert läit op der Grenz vu Loutrenge mam Saarland op den Héichte vum Saargau. Dat däitscht Nopeschduerf ass Berus.

Berviller-en-Moselle

Land Frankräich
RegiounGrand Est
Departement Moselle
ArrondissementForbach-Boulay-Moselle
KantonBouzonville
Postcode57550
Gemengecode57069
Koordinaten49° 16’ 20’’ N
      06° 38’ 55’’ O
Fläch 552 ha
Bevëlkerung 447 (1999)

Kuckeswäertes

  • Um Uertsrand steet eng Kopie vun der Mariegrott vu Lourdes. All Joer op Maria Himmelfaart ass no Sonnenënnergang eng Liichterpressessioun vun der Kierch bis bei d'Grott, mat Leit aus allen Nopeschuertschaften.
  • Am Joer 2005 gouf de Wanderwee "Alter Grenzweg" (fr. Chemin de la frontière) ageriicht, dee Berviller mat Berus an d'Orannakapell iwwer d'Grenzen eraus verbënnt.
  • Eng fréier Uelegmille mat der St. Blasius-Kapell.
  • Maartplaz mat engem Buer vum fréiere Wäschhaus.

Nopeschuertschaften

  • Ittersdorf (Däitschland) am Norden
  • Merten am Südsüdosten
  • Rémering am Südwesten
  • Villing a Beden am Nordwesten

Kuckt och


Um Spaweck