Tanja~lbwiki
Les Meloures 22:59, 26 Juli 2007 (UTC)
Image:Tarcisius.jpg
Gudde Moien, Tanja.
Du hues eng Zeechnung eropgelueden déi u sech tiptop ass. Leider hues du keng Lizenz uginn. An deem Fall däerf e Bild, Foto, Zeechnung net op der Wiki stoen. Du kanns awer nach eng Lizenz "noreechen". Wann s'du dat net méchs, muss däi Bildche leider erëm geläscht ginn. Dat sinn nun emol d'Regelen op der Wiki an déi sinn duefir do, fir keng juristesch Problemer mat Copyright oder soss Autorerechter ze kréien.
Ënnen op der Säit Eroplueden kanns du, beim eropluede vun engem Bild, eng Lizenz uginn. --Pecalux 06:46, 28 Juli 2007 (UTC)
Saluti;
Ech hu probéiert, mee e wéist ser net un... daat Bild hun ech selwer gemolt. Probéiere lo nach 1x -hoffen et klappt lo!--Tanja 09:21, 29 Juli 2007 (UTC)Hu `FAIR USE als Lizenz ugin... --Tanja 09:24, 29 Juli 2007 (UTC)
Salut Tanja. Lo ass alles an der Rei mat dengem Bild. Et deet mer Leed, datt s de Problemer mat deem Lizenzegedéngels has. Wann s de nach e Problem hues, da so einfach Bescheed, da kriss de direkt eng Hand ugepaakt. Nach eng Fro: Hues de wëlles, de Massendénger-Artikel auszebauen. Wa jo, da wier et flott, wann s de eng Foto zu deem Thema hues.--Cornischong 09:28, 29 Juli 2007 (UTC)
- Moien Tanja. Den Historique vun dengen Verbesserungsversich kann ee net läschen. Dat ass systembedingt onméiglech an dat ass och gutt esou. Du brauchs dech awer net ze schumme wann's du eppes wolls verbesseren. Besser esou wéi wann's de Knëppele bei d'Tromm gehäit häss. --Pecalux 09:38, 29 Juli 2007 (UTC)
Artikel Massendénger
Moien Tanja. Ech hunn e bëssen un dengem Text gebastelt: Ech hunn e strukturéiert, Wiki-Linken agesat, grammatesch an orthografesch Feeler verbessert a kuerz Passagen, déi net relevant waren, ewech gelooss. Ech hoffen dass du elo net beleidegt bass.
Ech stellen awer fest, dass näischt, oder sou gutt wéi näischt, iwwer déi normal "Aarbechten" vun de Massendénger während dem Gottesdéngscht a während anere Liturgien am Text steet. Vläicht kanns du der dodriwwer mol Gedanke maachen an evt. e bësse bäisetzen. Bei eisen däitschen Wikipedianer kanns de dech emol ëmkucken: klick hei. Ech hätt et jo selwer gemeet, mee et si scho 47 Joer hir dass ech fir d'Läscht eng Mass gedéngt hunn. Iwwregens: Déi Säit vun der Musel hun se och eng ganz Rëtsch vu Schutzpatrounen. --Pecalux 08:43, 30 Juli 2007 (UTC)
- Du (oder Dir) hues decidéiert, de franséische Massendénger nëmme méi "servant d'autel" ze nennen. Dat ass däin (äert) gutt Recht. Grad esou ass et all anere franséischsproochege Mënsch säi Recht, deeselwechten esou ze nennen wéi hien et fir gutt fënnt. An an der franséischer Wiki heescht en nun eemol "Enfant de choeur", ob's Du (oder Dir) domatt daccord bass oder net. An dofir muss dee Link op fr:Enfant de choeur och bestoe bleiwen soulang si hiren Artikel net ëmgedeeft hunn. Et sief du änners dat selwer an der franséischer Wiki.
- Souguer wann d'Bezeechnung vun enger Persoun oder enger Saach neierdéngs anescht soll si wéi fréier, ass déi al Bezeechnung duerfir nach net falsch. An esou laang wéi déi al Bezeechnung zënter Joerhonnerte nach ëmmer am Sproochgebrauch ass, soll se an enger Enzyklopedie, der Vollständegkeet halber, opgefouert sinn, niewent déier neier. --Pecalux 15:04, 30 Juli 2007 (UTC)
Du an Dir
Och ech hunn (an hat nach ni) e Probleem mam "DU". Ech hat nëmmen esou geschriwwe well ech dervun ausgaange sinn dass DU net eleng déi franséisch Massendénger ëmgedeeft hues, mee dass do e Grupp vun engagéierte Persounen derhannert stécht. An e Grupp, dat sinn der méi. Dofir de Pluriel = DIR. Souwéisou ass den DU déi gebräichlech Ëmganksform op der Wiki. Weiderhinn nach, op eng gutt Zesummenaarbecht! --Pecalux 04:41, 31 Juli 2007 (UTC)
Dräivéierel Foto
Moien Tanja. Mat denger Mafrema 2009-Foto ass "Eppes". Déi ass net ganz eropgeluede ginn. Kanns de se mol nach eng Kéier lueden ënner engem aneren Numm (!!). Merci. --Cornischong 10:54, 5. Nov. 2009 (UTC)Probéiere grad nach 1x
Remoien. Lo ass d'Massendéngerfoto zwar "ganz", awer wéi s de gesäiss, ass mat der Foto e Probleem, well d'Bild net richteg uneneegesat ausgesäit; et geet e Schnëtt duerch d'Käpp. Bei der Tarcisiusfoto ass e Probleem, deen deem anere gläicht. Kuck emol uewen ass et wéi wann d'Foto duerchgeschnidde wier, a falsch uneneegesat. Probéier w.e.g. mol nach eng Kéier. --Cornischong 11:04, 5. Nov. 2009 (UTC)
Elo misst et ENDLECH geklappt hunn! Kann een d'Virgängerversiounen och w.e.gl. läschen? MERCI
--Tanja 13:00, 5. Nov. 2009 (UTC)
d'Gezei
Gudde Moien. Wier et net eng gutt Saach, eis emol d'Kleeder vun de Massendénger z'erklären? Mat Foto. An direkt eng Fro hannendrun: Sinn d'Kleeder an de verschiddene Länner déi selwecht? An: Ginn et spezieller fir speziell Geleeënheeten? --Cornischong 08:50, 6. Nov. 2009 (UTC)
bon... do kéint ech puer Sätz dozou schreiwen - mol kukken. Denken driwwer no!--Tanja 12:09, 6. Nov. 2009 (UTC)
Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt
Bonjour,
D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionéiere vu Benotzerkonten uginn. Dëst geschitt als Deel vun eise kontinuéierliche Beméiungen, fir eise Benotzer nei a besser Funktiounen (wéie Notifikatiounen vun enger Wiki op eng Aner) zur Verfügung ze stellen. Dës Ännerungen hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Tools zur Verfügung gestallt. Eng Bedingung dofir ass, datt Benotzerkonten elo eendeiteg iwwer all 900 Wikimedia-Wikien zougedeelt musse sinn. Méi Informatioune fannt Dir op dëser Säit.
Leider huet Äre Benotzerkont eng Nummkollisioun mat engem anere Benotzerkont mam Numm Tanja. Fir sécherzestellen, datt weiderhin déi zwee Benotzer op de Wikimedia-Projete schaffe kënnen, gëtt Ären Numm op Tanja~lbwiki ëmbenannt. Äre Benotzerkont wäert am April 2015 zesumme mat anere Benotzerkonten ëmbenannt ginn.
Äre Benotzerkont wäert weiderhi wéi gewinnt funktionéieren an Dir gitt als Auteur vun allen Ännerungen déi Dir bis elo gemaach hutt genannt ginn, awer Dir musst beim Aloggen deen neie Benotzernumm benotze mussen. Wann Iech Ären neie Benotzernumm net gefält, kënnt Dir mat dësem Formulaire ufroe fir nach emol ëmbenannt ze ginn.
Entschëllegt w.e.g. d'Ëmstänn déi dëst Iech mécht.
Yours,
Keegan Peterzell
Community Liaison, Wikimedia Foundation
03:15, 18. Mäe. 2015 (UTC)
Ëmbenannt
Dëse Benotzerkont gouf ëmbenannt am Kader vun der Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'. Wann Iech dëse Benotzerkont gehéiert da kënnt dir Iech alogge mat Ärem virege Benotzernumm a Passwuert fir méi Informatiounen. Wann Dir dësen Numm vum Benotzerkont net wëllt da kënnt Dir, nodeem Dir Iech ageloggt hutt, dëse Formulaire benotzen Spezial:Global Ufro fir Benotzer ëmzebenennen fir en anere Benotzernumm unzefroen. -- Keegan (WMF) (talk)
09:25, 19. Abr. 2015 (UTC)
Foto Artikel Tarcisius
N'Owend,
Ech well ee Bild vum Tarcisiusreliquiar an den Artikel iwwer den Tarcisius bäi setzen, eben sou wéi ech et am Däischte Wikipedia scho gemaach hunn.Mee am L kréien ech dat Bild net ropgelueden.......Iergentwéi ginn ech net eenz
Merci fir d'Hëllef