Belair

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

De Belair ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Weste vun der Haaptstad.

Belair
Aussprooch
An anere Sproochenfr: Belair
de: Belair
LandLëtzebuerg
KantonLëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
BuergermeeschterLydie Polfer (DP)
Awunner12.613
 31.12.2022
Fläch171,79 ha
Héicht328,60 m
Koordinaten49° 36’ 46’’ N
      06° 06’ 51’’ O

De Quartier krut 1956 säin haitegen Numm. Virdrun huet en offiziell Neimärel (Neumerl) geheescht[1][2].

Geschicht[3]

Am 13. Joerhonnert stoung op dem fräie Flouer vum haitege Quartier en Haff „Daubenfeld“, bei deen am Laf vun der Zäit nach en zweeten derbäi koum. De François Lascombes huet eng Iwwersiicht publizéiert mat den Evenementer déi mat dësen Häff ze dinn haten:

  • 1443: Belagerung vun der Stad duerch d'Burgunder;
  • 1541: Amarsch vum Karel V. iwwer de fréiere Kiem – den haitege Kräizgrënnchen – an d'Stad;
  • 1544: Kämpf tëscht de keeserlechen a franséischen Truppen;
  • ?: De Marschall Biron réckt vu Westen erfort géint d'Festung vir, gëtt awer zeréckgeschloen; et gëtt e Feier am neien Haff Daubenfeld;
  • 1673: an der Géigend vum Haff gëtt um Gaalgebierg de Gaalgen opgeriicht;
  • 1684: De Marschall Créquy belagert zesumme mam Vauban d'Festung an eruewert se de 4. Juni 1684;
  • 1698: d'franséisch Occupatioun ass eriwwer an déi zwéin „Daubenfeld-Häff“ ginn un d'Jesuitten iwwer;
  • 1722: fir de Kräizgrënnchen z'ersetzen, gëtt déi haiteg Areler Strooss geplangt. Wärend der Éisträichescher Herrschaft gëtt de Jesuittenuerden opgeléist;
  • 1792: déi zwéin Häff gi versteet an duerno – aus strategesche Grënn – ofgerappt.

Dem Lascombes seng Chronik hält hei op…

Nodeems d'Festung 1867 geschleeft gouf, huet sech d'Stad no Westen hi vergréissert, d'Bevëlkerung geet an d'Luucht, nei Stroossen an déi éischt Bourgeoisieshaiser gi gebaut.

1919-1921: D'Franziskanerschwëstere bauen hiert Klouschter um Belair.

1920 huet d'Gemeng Hollerech (mat de Sektiounen Neimärel a Bouneweg) mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert[4]. 1935 gëtt d'Primärschoul gebaut an de Grondstee fir d'Clinique Sacré-Cœur gëtt 1954 geluecht.

Vun 1938 u gouf d'Belairer Kierch geplangt, se konnt awer wéinst dem Zweete Weltkrich eréischt 1957 konsekréiert ginn.

Den Numm

D'Maison Bel-Air, Architekt Mathias Martin.

Duvenvelt

Vum 13. Joerhonnert bis an den Ufank vum 20. Joerhonnert war fir den haitege Quartier den Numm Duvenvelt oder Daubenfeld geleefeg. D'Strooss déi vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte bis bei de Märeler Kierfecht gefouert huet – déi haiteg Avenue Gaston Diderich – gouf Dauwelswee, Dauvelt[5] oder Rue de Daubenfeld genannt. Den Numm ass op d'Botterblumm ((fr) grande douve) zeréckzeféieren, déi sengerzäit do an de Wisen a Mouere gewuess ass[2].

Neimärel

Wéi uganks vum 20. Joerhonnert lues a lues Liewen an de Quartier koum, koum den Numm Neimärel op, well en zur Par Neimärel gehéiert huet[2].

Wou den Numm Belair fir de Stater Quartier hierkënnt ass net sécher gewosst. Den Architekt Mathias Martin hat 1923 säin Haus an der haiteger Avenue Gaston-Diderich "Maison Bel Air" genannt, an och d'Strooss huet ursprénglech sou geheescht (Rue Bel-Air)[6]. Den Numm fënnt ee scho géint 1910 op offiziellen Dokumenter. Sou steet op de Baugeneemegunge fir d'Haiser déi d'Gemeng Hollerech sengerzäit ausgestallt hat, de Stroossennumm Rue Bel-air drop[2]. Et ass méiglech, datt den Numm vun der Strooss oder dem Martin sengem Haus 1957 och dem ganze Quartier säin Numm ginn huet.

Dem Robert Philippart no gëtt den Numm Belair mat Staddeeler déi Liicht, Loft an Uerdnung verspriechen associéiert[1].

Belair

1956 huet de Stater Schäfferot de Quartier offiziell vun Neimärel a Belair an d'Strooss vu Rue Bel-Air an Avenue Gaston-Diderich ëmgedeeft[1].

Geographie

De Quartier Belair ass 171,79 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 283,2 an 328,6 m[7].

D'Grenze vum Quartier sinn[1]:

Ausser an der Rue des Aubépines gehéieren all Kéier béid Stroossesäiten zum Quartier Belair[2].

Awunner

Entwécklung vun der Awunnerzuel[1]:

JoerAwunner
188787
1900243
19343.200
19708.851
19917.687
20068.652[2]
20109.683
202112.139


Op den 31.12.2022 hunn um Belair 12.613 Leit gewunnt, wovun 32,09 % Lëtzebuerger waren, géintiwwer 67,91 % Auslänner[8].

Belairer no Nationalitéit (31.12.2022)
RangNationalitéitAwunnerProzent
TOTAL12 613100,00
01 Lëtzebuerg4 04832,09
02 Frankräich2 04916,25
03 Italien9297,37
04 Spuenien5534,38
05 Portugal4783,79
06 Däitschland4743,76
07 Belsch4603,65
08 Syrien2501,98
09 Griicheland1931,53
10  USA1871,48
Top 109 62178,28
Aner Nationalitéiten2 99223,72

Bekannt Leit vum Belair

Literatur

  • ons stad Nr. 98, 2011
    • Philippart, R.. Schickes Wohnviertel auf ehemaliger Industriebrache. S. 6-31.
    • Kugener, H.. Mit dem Aeskulap-Stab unterwegs durch Belair. S. 22-27.
    • Braun, J.. Besuch beim Boss um Belair. S. 29.
    • Huberty, Fernand. D'Liewen am Kräizgrënnchen an de fofzeger Joren. [sic] S. 30-35.
    • Ney, M.. Le Val Sainte-Croix et ses Arquebusiers. S. 36-40.
    • Haag. E.. Guillaume Kroll (1889-1973) et la Villa Leclerc. Un grand scientifique méconnu au Luxembourg.. S.41.
    • Kugener, H.: Zur Geschichte der Villa Leclerc. S. 42-43.
    • Meyer, A.. Souvenirs d'une jeunesse heureuse à Belair.. S. 44-47.
    • Bange, E.. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen. Die Galgen der Stadt Luxemburg.. S. 48-51.
    • Wagener, R.. Batman & Winnetou. Eng Belairer Säitestrooss an de Siechzegerjoren.. S. 52-54.
  • Lascombes, Fr., 1985. À 50 ans la paroisse de Bel-Air se souvient. 50 Jor Por Belair. Lëtzebuerg.
  • Schneiders, A., 2007. Stadtentwicklungsplanung Luxemburg, Stadtteilrahmenplan Belair. Ville de Luxembourg, CMT.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Belair – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten