Aquila (Stärebild)

Den Aquila (Aadler) ass e markant Stärebild vum nërdleche Summer- an Hierschthimmel.

Date vum Stärebild Aquila
Lëtzebuergeschen NummAadler
Laténgeschen NummAquila
Laténgesch OfkierzungAql
Positiounum Himmelsequator
Rektaszensioun18h 41m bis 20h 39m
Deklinatioun+18° 40´ bis -11° 50´
Fläch652 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden78° Nord bis 71° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Summer
Stärenzuel mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
Altair (Atair)
(α Aquilae),
0,8m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerrzäresënn)
Sagitta

Hercules
Ophiuchus
Serpens
Scutum
Sagittarius
Capricornus
Aquarius
Delphinus

Kaarte vum Stärebild Aquila
Stéch vum Stärebild Aquila

Beschreiwung

Wéinst dem opfälleg hellen Haaptstär Altair (α Aquilae), deen Deel vum ausgedeente Summerdräieck ass, kann den Aquila liicht um Summerhimmel fonnt ginn. Uewen an ënne vum Atair leien déi hell Stären Tarazed (γ Aquilae) an Alshain (β Aquilae). Déi dräi Stäre maachen de Kapp vum Aadler aus. Déi aner Stäre sollen déi ausgebreete Flilleke vum Aadler duerstellen.

Vum Stärebild Cygnus kommend, zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss duerch den Aadler, a weider zum Sagittarius, wou de Galakteschen Zentrum vun eiser Galaxis ass. Wann ee mam Teleskop duerch d'Stärebiller sträift, erkennt een interessant Strukturen, hell an donkel Gebidder, an der Mëllechstrooss.

Geschicht

Den Aadler gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der anticker griichescher Astronomie, déi scho vum Ptolemäus beschriwwe goufen.

Den Haaptstär Atair (och Altair, (arabesch) fir „den Aadler dee flitt“) gouf scho bei de Sumerer an de Babylonier den Aadlerstär genannt.

De südlechen Deel vum Aadler war bis an dat fréit 19. Joerhonnert och als Antinous bekannt.

Himmelsobjeten

Stären

BFNummGréisstLjSpektralklass
α53Altair (Atair)0,8m16,7A7 IV
γ50Tarazed2,72m461K3 II
ζ17Deneb el Okab2,99m83A0 Vn
θ653,24m287B9 III
δ303,36m50F3 IV
β60Alshain3,71m44G8 IV
η553,87m1180F6 Ib
ε134,02m154K1 III
i124,02m
l714,31m
λ15Lambda Aquilae4,34m125B9 V
ι41Iota Aquilae4,36m307B5 III
μ384,45m111K3 III
ν324,64m3.000F2 Ib
ξ594,71m203G9 IIIb
694,91m
704,91m
κ394,93m1460B0 III
ρ674,94m154
f264,98m
45,02m
e365,03m
185,07m
235,10m
ο545,12m63F8 V
375,12m
215,14m
b315,17m
σ445,18m680B3 V + B3 V

Den Altair (α Aquilae) ass mat enger visueller Hellegkeet vun 0,8m en opfälleg helle Stär. Et ass e blolech-wäisse Stär vun der Spektralklass A7 mat der zéngfacher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Seng Uewerflächentemeperatur ass ronn 8.600 Kelvin.

D'Spektroskopesch Ënnersich weisen, datt hie sech an nëmme 6,5 Stonnen ëm déi eegen Achs dréit. Mat enger Distanz vu 17 Liichtjoer gehéiert hien zu den noosten Nopere vun eiser Sonn.

Deen zweethellste Stär, γ Aquilae (Tarazed), ass een Iwwerris mat der Spektralklass K3 a läit 461 Liichtjoer vun eis ewech.

SystemGréisstenOfstand
ζ2,99m/12m/12m6,5/158,6"
β3,71m/12m13"
ε4,02m/10m/10m131,1/148,6"
ο5,12m/14m22,5"
155,4m/7,1m39"
575,7m/6,5m35,7"
55,7m/7,3m13"
π6,2m/6,9m5,7"

Den ζ Aquilae ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 83 Liichtjoer, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen. Den 2,99m hellen Haaptstär huet zwéi liichtschwaach Begleeder am Ofstand vu 6,5 an 158,6 Bousekonen.

Den arabeschen Numm Deneb el Okab bedeit „Schwanz vum Falk“.

De β Aquilae ass een Duebelstär op enger Distanz vu 44 Liichtjoer a besteet aus engem 3,71m hellen Haaptstär an enger 12m heller Komponent op enger Distanz vun 13 Bousekonnen.

Verännerlech Stären

StärGréisstPeriodTyp
η3,5m bis 4,4m7,1766 DeegCepheiden
σ5,18m bis 5,2m1,95 Deegbedeckungsverännerleche Stär
R5,6m–12,0m300 DeegMira-Stär

Den η Aquilae ass ee pulsatiounsverännerleche Stär vum Typ vun de Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech reegelméisseg mat enger Period vu 7 Deeg, 4 Stonnen a 14 Minutten tëscht 3,5 a 4,4m.

Den σ Aquilae läit 680 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär. All 195 Deeg zitt ee liichtschwaache Stär virun deen hellen Haaptstär, wat zu engem liichten Hellegkeetsënnerscheed féiert.

R Aquilae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira op enger Distanz vun 800 Liichtjoer. De Stär ännert wärend engem Zäitraum vu ronn 300 Deeg seng Hellegkeet. D'Pulsatiounsperiod huet sech an de leschten honnert Joer erhieflech verréngert. Ufank vum 20. Joerhonnert huet si nach 350 Deeg gedauert. Am Maximum ass de Stär 5,6m hell a ka just nach mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum erreecht hie nëmmen nach eng Hellegkeet vun 12,0m.

Messier- an NGC-Objeten

Messier (M)NGCdiversGréisstTypNumm
6709Oppene Stärekoup
6738Oppene Stärekoup
6751Planetareschen Niwwel
6755Oppene Stärekoup
6760Kugelstärekoup
6772Planetareschen Niwwel
6781Planetareschen Niwwel
Barnard 142/143Donkelniwwel

Den NGC 6709 ass en Oppene Stärekoup op enger Distanz vu 2.600 Liichtjoer.

1,5° nordwestlech vum γ Aquilae läi de Barnard 142/143, eng ausgedeenten Stëbswollek, déi d'Liicht vun de Stären hannendru verdonkelt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Aquila – Biller, Videoen oder Audiodateien