Wéinst hire jiddeschen Originnen an hirem Engagement an der KPD ass si 1933, nodeems d'Nationalsozialisten an Däitschland un d'Muecht komm waren an hir Bicher verbueden a verbrannt haten, mat hirer Famill iwwer d'Schwäiz a Frankräich geflücht, a vun do, wéi d'Nazien 1940 a Frankräich agefall sinn, iwwer d'Martinique an New-York a Mexiko emigréiert. Nom Krich ass si an d'DDR wunne gaangen, wou si bis zu hirem Doud gelieft huet.
Hir éischt Erzielunge sinn am Stil vun der Neuen Sachlichkeit geschriwwen, wärend dem Krich huet si zu den Auteure vun der Exilliteratur gehéiert. Si war ë. a. Mataarbechterin vun enger Exilliteratur-Zäitschrëft an huet Exilanten-Zerkelen opgeriicht. Aus där Zäit sinn zwee mat vun hire bekanntste Wierker, Transit an Das siebte Kreuz erauskomm.
An der DDR huet si am sozialistesch-realistesche Stil geschriwwen, war an der Staatspartei, der Sozialistischen Einheitspartei Deutschlands, an huet an hire Wierker de Stalin verherrlecht (woufir s'e Gielchen, de Stalin-Friddenspräis, krut. Si hat och offiziell Funktiounen an der DDR, a war ë. a. Presidentin vum Schrëftstellerverband vun do.