Albert Lieven

Den Albert Lieven gebuer den 23. Juni 1906 zu Hohenstein an Ostpreisen a gestuerwen de 16. Dezember 1971 zu London war en däitsche Schauspiller.

Albert Lieven
Gebuer23. Juni 1906
Gestuerwen22. Dezember 1971
London
DoudesursaachKriibs
NationalitéitDäitschland
AktivitéitTheaterschauspiller, Filmschauspiller

Seng éischt Roll als Schauspiller krut den Albert Lieven am Theater zu Gera. Duerno huet seng Theaterkarriär hien op Königsberg an op Berlin gefouert.

1932 huet hie seng éischt Roll am Kino am Film Annemarie, die Braut der Kompanie gespillt. Bis 1936 war hien an däitsche Filmer ze gesinn, ass dunn awer mat senger jiddescher Fra aus Nazidäitschland op Paräis ausgewandert. Vun do aus goung säi Wee weider op London. Seng Schauspillerkarriär ass och an England weidergaangen. Donieft war hien awer och Journalist a Radiospriecher bei der BBC wärend dem Zweete Weltkrich.

Nom Krich war hie weider an englesche Filmer a vun 1951 un och erëm an däitsche Filmer ze gesinn.

Filmographie

Kino

vun 1932 bis 1939

  • 1932: Annemarie, die Braut der Kompanie, vum Carl Boese mam Lucie Englisch
  • 1932: Ich bei Tag und Du bei Nacht, vum Ludwig Berger mam Käthe von Nagy a Willy Fritsch
  • 1933: Die vom Niederrhein, vum Max Obal
  • 1933: Reifende Jugend, vum Carl Froelich mam Heinrich George
  • 1933: Kampf um Blond, vum Jaap Speyer
  • 1934: Charleys Tante, vum Robert A. Stemmle mam Fritz Rasp a Paul Kemp
  • 1934: Eine Siebzehnjährige, vum Arthur Maria Rabenalt
  • 1934: Hermine und die sieben Aufrechten, vum Frank Wisbar mam Heinrich George
  • 1934: Es tut sich was um Mitternacht, vum Robert A. Stemmle
  • 1934: Krach um Jolanthe, vum Carl Froelich mam Marianne Hoppe
  • 1934: Fräulein Liselott, vum Johannes Guter mam Magda Schneider
  • 1935: Die klugen Frauen, vum Jacques Feyder mam Françoise Rosay
  • 1935: Glückspilze, vum Robert A. Stemmle
  • 1935: Mach' mich glücklich, vum Arthur Robison
  • 1936: Aufmachen, Kriminalpolizei, vum Kurt Bleines (Kuerzfilm)
  • 1936: Eine Frau ohne Bedeutung, vum Hans Steinhoff mam Gustaf Gründgens
  • 1936: Kater Lampe, vum Veit Harlan
  • 1937: Victoria the Great, vum Herbert Wilcox mam Anton Walbrook a Walter Rilla

vun 1940 bis 1949

vun 1950 bis 1959

vun 1960 bis 1970

Um Spaweck