Ain (Floss)
- Säit
- Diskussioun
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Den Ain zu Pont-du-Navoy | |
Längt | 190 |
---|---|
Debit | 123 m³/s |
Hydrographesche Baseng | Rhône |
Fläch vum Baseng | 3.630 km² |
Originn | |
Plaz | tëscht Conte an Nozeroy |
Héicht | 680 |
Koordinaten | 46° 44’ 58’’ N 06° 01’ 23’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Rhône > Mëttelmier |
Plaz | bei Saint-Maurice-de-Gourdans |
Héicht | 185 |
Koordinaten | 45° 47’ 43’’ N 05° 10’ 37’’ O |
Geographie | |
Land | Frankräich |
Uertschaften | Champagnole |
Den Ain ass e Floss a Frankräich, deen an de Regioune Bourgogne-Franche-Comté an Auvergne-Rhône-Alpes queesch duerch d'Departementer Jura an Ain leeft, deem en den Numm ginn huet.
Den Ain entspréngt an enger Karstquell am franséische Jura, op der Gemengegrenz vu Conte an Nozeroy, op enger Héicht vun ca. 680 m. Jee nodeem kënnen do bis zu 60.000 l/s erauslafen (z. B. no engem staarke Schluet oder wann de Schnéi schmëlzt, et kann awer och sinn, datt guer näischt erauskënnt.
Den Ain leeft a südsüdwestlecher Richtung, an engem déif ageschniddenen Dall vum Jura, an hëlt eng jett Baachen a Flëss sop. Bei Syam gëtt en abrupt a Richtung Nordwest deviéiert a leeft dann, hanner Champagnole an en Héichdall vun enger 20 Kilometer Längt nees a seng ursprénglech Richtung, andeems e Meandere mécht. Südwestlech vu Poncin leeft den Ain aus senger Schlucht eraus, weider duerch en hiwwelegen Terrain a Richtung Rhône. An dee leeft en da vu riets, no enger Gesamtstreck vun 190 km, um Territoire vun der Gemeng Saint-Maurice-de-Gourdans (ca. 40 km viru Lyon).
Op sengem Laf gëtt den Ain 15-mol gestaut, primär fir Energie ze produzéieren, ma och, fir de Laf ze regléieren. D'Talspär vu Vouglans ass eng vun de gréissten dovun.
Commons: Ain – Biller, Videoen oder Audiodateien |